BounewegTesla huet Feier gefaangen - Auto fir Läschaarbechten a Container gelueden

RTL Lëtzebuerg
Wéi et vun der Plaz heescht, wiere keng Persoune blesséiert ginn. Et ass beim Materialschued bliwwen.
© Domingos Oliveira / RTL

Den Auto huet ausserhalb vun der Tesla-Garage Feier gefaangen. Vum de Pompjeeë gouf de Won dunn an e Container gelueden, fir e besser läschen ze kënnen. Dëse sollt komplett ënner Waasser gesat ginn, fir d’Batterie ze fluten an esou ze verhënneren, datt dës nees ufänkt mat brennen. D’Rue d’Ivoix war vum Tëschefall betraff an och d’Diddenuewenerstrooss war vum Tëschefall betraff.

© Domingos Oliveira / RTL

De Container mam Auto gouf dono an en Atelier vu Ponts et chaussées transportéiert, net wäit vun der Tesla-Garage ewech.

Läschaarbechten no Tesla-Brand
Um Freideg de Moien hat en Auto bei der Tesla-Garage zu Bouneweg Feier gefaangen. Dëse gouf dono an engem Container oftransportéiert.

Back to Top
CIM LOGO