Ëmweltministère soll eis beim Wëldschued finanziell ënnerstëtzen
De Wëldschued ass grouss, seet d'Jeeërfederatioun. Ënner anerem an de Maisfelder wier villes futti.
Dëst wier d'Konsequenz vum Verbuet vun der Klappjuegd de leschte Wanter, soen d'Jeeër a verlaange vum Ëmweltministère Indemnitéiten.
Wat mir gesinn a wat mer vun de Bauere rapportéiert kréien, schwätzt eng kloer Sprooch, sou de Jo Studer, President faisant fonction vun der Jeeërfederatioun.
Bannent engem, zwee Deeg bréngen d'Schwäin et fäerdeg, en halleft oder e ganzt Stéck Mais komplett ze zerleeën.
Gene chiffréiere kéint een de Wëldschued den Ament nach net. Eng Iddi vun de Schied kéint ee sech awer maachen.
Schätzungsweis ass en Drëttel vum Bestand net geschoss ginn, dee mer eis erhofft haten, da sinn dat 2.000 bis 3.000 Schwäin, déi méi do sinn. Wa mer dann dovunner ausginn, datt d'Hallschent dovunner Bache sinn, déi Fierkele kréien. Wa mer do d'Reproduktiounszuelen huelen, dat gëtt dat natierlech eng ganz sauer Affär.
Dës Affär wier d'Konsequenz vum Verbuet vun der Klappjuegd am Wanter, déi jo aus sanitäre Grënn en Place gesat gi war. Et wëll een dës Corona-Mesuren zwar net prinzipiell a Fro ze stellen, mä lo misst een awer mat de Konsequenze liewen.
Am Wanter wieren d'Konditiounen optimal an et géing een d'Wëld gesinn. Am Summer wier et méi schwiereg.
De Weess, de Mais deen dobausse lo steet, do si si gutt verstoppt a mir kommen net drun.
4 Euro pro Hektar Entschiedegung gëtt et aus engem Fong, dee vun de Jeeër selwer gespeist gëtt. Wéinst der exzeptioneller Situatioun géing dat awer bei wäitem net duer, fir fir den aktuelle Schued vun de Baueren opzekommen an dofir sollt den Ëmweltministère elo fir d'Konsequenze vu senger deemoleger Decisioun riicht stoen, sou de Jo Studer.
Dat, wat mir gefrot hunn, dat waren 8 Euro den Hektar, déi d'Regierung soll bäisteieren. Dono géif de Fong mat 4 Euro gräifen a wat dann nach iwwereg bleift, dat muss de Jeeër zu 100% iwwerhuelen.
Déi entspriechend Demande gouf un den Ëmweltministère geschéckt. Bis ewell gouf et kee Retour. Ma et hofft een, datt een no der Vakanz eng Äntwert kritt.
D'Federatioun Saint-Hubert seet sech op alle Fall dialogbereet.
Generell misst ee sech d'Fro stellen, wéi vill Wëld mer am Bësch wëllen, sou de Jo Studer, dee Management-Pläng verlaangt amplaz ëmmer d'Schéisspläng z'erhéijen.
Op Nofro hi si mer am Ëmweltministère gewuer ginn, datt et nach keng Decisioun gëtt, ma datt déi Demande awer gepréift soll ginn. Et wéilt een d'Jeeërfederatioun an där Saach och fir e Gespréich ruffen.

© Pit Everling