D’Monica Camposeo huet zesummegesicht, wat d’Regierung elo konkreet géint d’Aarmut wëll ënnerhuelen.
Eent vun den Haaptziler vum Aktiounsplang ass et awer déi scho bestoend Aiden ze bündelen a se och wierklech bei d’Leit ze bréngen. Dat soll mat engem “Guichet Social Unique” geschéien. Dee krut den Numm “GPS-Social”, well en d’Leit orientéiere soll an dat mat véier Voleten.
Zanter dem 1. Januar dëst Joer ginn et zwou nei Aidë fir eeler Leit. Op der enger Säit gëtt et d’Allocation financière pour personnes âgées, ofgekierzt AFPA. Dës Hëllef vu bis zu 2.400 Euro d’Joer kritt een, wann een eleng am Stot wunnt an e Bruttoakommes bis 3.520 € huet. De Montant ass gestaffelt a gëtt dann un de Revenu ugepasst. Fir all zousätzlech eeler Persoun am Stot gëtt et nach emol 1.200 Euro. D’AFPA gëtt automatesch u Leit ausbezuelt, déi d’Allocation de vie chère oder d’Energieprimm kréien.
Déi aner Hëllef bezitt sech op eeler Leit, déi an engem Alters- oder Fleegeheem liewen. Et fënnt ee se ënnert “Complément pour personnes âgées”, och Compa genannt. Hei hëlleft de Staat bis e Bruttorevenu vu 4.200 €. De Montant, deen ee kritt, orientéiert sech un der nationaler Moyenne vun de Präisser fir Alters- a Fleegeheemer. Dës Moyenne gëtt och all Joers ugepasst. Fir déi genee Krittäre kann een am Beschten um Site vum Fonds National de Solidarité kucken.
D’Kannergeld gëtt vum nächste Joer u gehéicht, dat war scho gewosst, ass awer net onwichteg. Nei ass, dass Famillje mat engem méi niddrege Revenu zousätzlech Hëllefe kréie fir scolariséiert Kanner. Bis 300 Euro d’Joer kréie Stéit fir e Kand tëscht 4 a 5 Joer, 1.000 Euro vu 6 bis 11 Joer an 3.000 Euro vun 12 bis 25 Joer. De Montant ass wéi gewéinlech och hei jee no Revenu gestaffelt.
D’Subvention loyer zum Beispill bleift natierlech. D’Zil vum Aktiounsplang ass et awer, dass och déi Aiden, déi et scho ginn, méi einfach kënnen ugefrot ginn a méiglech automatiséiert ausbezuelt ginn. D’Iddi ass, dass d’Hëllefe ganz allgemeng méi ugefrot ginn, wa se eben unenee geknäppt sinn. An do si mer dann och erëm beim GPS-Social, also dem Guichet Social Unique, dee mer am Ufank ugeschwat haten an dat Ganzt méi iwwersiichtlech maache soll.
Net onwichteg ze soen ass och, dass e konkrete Suivi virgesinn ass. No fënnef Joer soll eng extern Evaluatioun vun der Situatioun gemaach ginn, fir dann och ze kucken, ob dës Iddi opgeet.