Nuetsschicht um Findel
D'Aarbechten hunn am Fréijoer ugefaangen. Bis Enn vum nächste Joer kritt de Findel eng nei Pist.
Speziell ass, datt aus wirtschaftleche Grënn de Flughafen net ka wéi soss am Ausland fir 4 Méint zougemaach ginn. Lëtzebuerg huet eebe just eng Pist. Dat bedeit, datt am Dag weider Fligere starten a landen. Nuets gi jee no Dag 200 bis 300 Aarbechter de Rhythmus un.
Et ass ee bis an de leschten Detail duerchstudéierte Ballet. Plaz fir Improvisatioun gëtt et keng. De Chef-Choreograph weess, vu wat e schwätzt.
"Mir stelle Planningen op, wou jidder Aarbechtsoflaf prezis virgesinn ass. Mir ginn ons e Spillraum vu 15 Minutten. Vum Terrassement, iwwer d'Sanéierung, d'Elektronik, der Markéierung, a virop d'Leeë vum neie Belag", sou de Stéphane Brondino, Project Director um Luxembourg Airport.
Bannent de leschte 35 Joer huet de Stéphane Brondino op alle fënnef Kontinenter geschafft. Den Ament leet hien hei um Findel e Konsortium vu 6 Entreprisen. Virop mat Lëtzebuerger Knowhow.
"Dir hutt eng 100 schwéier Maschinnen, déi am Asaz sinn. Den Ament leeë mer op engem Deel vun der Pist déi lescht Kusch vum Belag. Dee soll eng 10 Joer halen."
Den Oflaf ass effektiv getimed wéi e Boxestopp an der Formel 1. Punkt 23 Auer owes geet et lass. Eng 100 Camione bréngen 2.500 Tonnen Asphalt. 250 Aarbechter kommen an den Asaz, fir bannent 6 Stonnen de Belag op 200 Meter vun där 60 Meter breeder Pist frësch ze leeën. Et ass eng haart Aarbecht, orchestréiert mat Hightech Apparater vun der leschter Generatioun.
"Mir bauen déi nei Pist op déi al. Vermooss gëtt dat ganzt mat der Hëllef vu Computertechnik. Dir hutt hei kleng Roboter, déi dorëmmer flitzen. Déi grouss Maschinnen hei ginn iwwer Computer gesteiert. Wéi mat engem groussen 3D-Printer ginn déi verschidde Schichte geluecht, fir um Enn eng optimal, liicht bombéiert Pist ze hunn", sou de CEO vu Lux-Airport René Steinhaus.
Punkt 6 Auer moies muss déi 4 Kilometer laang Pist nees blëtz-blank sinn. Da ginn déi éischt Fligere vun der Cargolux nees op der 06 erwaart. Fir Noutfäll bleift de Flughafe souguer mat Restriktiounen op, iwwerdeems op engem Deel vun der Pist geschafft gëtt. Dat wieren 1.800 Meter, déi bannent de leschte 6 Wochen och 3 Mol gebraucht goufen.
"Mir gebrauchen dat Stéck Pist nëmmen, wa Passagéier-Fliger mat vill Retard erakommen. Respektiv, wa Fliger vun der Luxembourg Air Rescue wéinst enger Urgence eraus mussen", sou den Tom Goris, Operations Director vu Lux-Airport
Enn d'nächst Joer soll d'Pist vum Findel, déi iwwregens 137 Futtballterraine grouss ass, fonkelnei sinn. Vum Belag iwwer den Drainage bis bei de Balisage, mat 1.500 neien LED-Luuchten. Dëst ass en Investissement vun 150 Milliounen Euro, fir méi Sécherheet a méi Confort.