LSAP weist sech schockéiert, Lénk fuerderen Demissioun vu Polfer a Mosar
Nieft der Stater LSAP an deene Stater Lénke reagéiert och d'Justizministesch op d'Situatioun op der Stater Gare vum Weekend.
D'Buergermeeschtesch huet gewisen, datt se an dësem Fall komplett irresponsabel agéiert huet an dat mat der Ënnerstëtzung vum CSV-Schäffe Laurent Mosar. Dofir si mir als Stater Lénk der Meenung, datt déi béid missten demissionéieren. Dat sot den David Wagner vun déi Lénk e Méindeg de Moien an enger éischter Reaktioun op den Tëschefall op der Stater Gare.
D'Oppositioun hätt méi wéi eemol virdru gewarnt, datt déi Leit net qualifizéiert wieren, fir déi Aarbecht ze maachen, datt d'Hënn geféierlech kéinte sinn an och kéinte bäissen an dat wier eben elo geschitt. Et wier komplett irresponsabel, wann de Stater Schäfferot de Kontrakt mat der Sécherheetsfirma weiderlafe géif loossen, seet den David Wagner. De Schäfferot wier politesch a moralesch responsabel dofir, wa Leit blesséiert ginn.
Schockéiert, mä leider net erstaunt. Esou reagéiert dann den LSAP-Gemengeconseiller Gabriel Boisante. Et géif och elo guer net drëm goen, driwwer ze schwätzen, wisou et zu deem Tëschefall komm ass, kloer wier, datt d'Agente komplett iwwerfuerdert waren. Och de Gabriel Boisante huet betount, datt een de Schäfferot gewarnt hätt, a bedauert, datt d'Oppositioun am Gemengerot viru Faits accomplis gestallt gouf. Et bräicht een eng besser Léisung fir de Garer Quartier, huet den LSAP-Gemengeconseiller nach betount.
Justizministesch: Bedenken, fir privat Sécherheetsfirmen am ëffentleche Raum z'engagéieren
Och d'Justizministesch Sam Tanson reagéiert op d'Virfäll vun e Samschdeg den Owend op der Gare. Der grénger Ministesch no misst de komplette Kontext vum Tëschefall gekläert ginn, fir kënne Conclusiounen ze zéien.
D'Sam Tanson kënnt am RTL-Interview nach emol op hir Bedenken zréck, déi Si huet, fir privat Sécherheetsfirmen am ëffentlechen Raum z'engagéieren, déi do sollen fir d'Sécherheet suergen.