Horeca-Secteur am Minus, Vëlo- Alkohol an Informatik-Hiersteller am grousse Plus

De Confinement, d'Restauranten an d'Caféen, déi zou waren, den Homeoffice an -Schooling: Dat alles huet 2020 d'Consommatioun zu Lëtzebuerg verännert.
E Méindeg huet de Statec déi neisten Zuele vun der Consommatioun am Corona-Joer 2020 erausginn an dëst mam "normalen" Joer 2019 verglach.
Et ass scho bal logesch ze soen, datt d'Depensë bei de Restauratiounsbetriber am Joer 2020 méi niddreg ware wéi dat Joer virdrun. Huet en Haushalt 2019 nach 3.737 Euro an der Moyenne am Joer am Horeca zu Lëtzebuerg ausginn, waren et 2020 34 Prozent manner, hei just nach 2.465 Euro. Dogéint goufen awer 23,1 Prozent méi fir Liewensmëttel a Gedrénks bezuelt. Hei goung et vu 5.833 op 7.178 Euro erop. Déi däitlech Hausse gesäit een hei beim alkoholesche Gedrénks (414 op 727*) beim Fleesch (1.175 op 1.415*) a beim Geméis (1.166 op 1.420*).
Am Horeca-Secteur sinn et d'Caféen, déi mat engem Verloscht vun 62,9 Prozent (541 op 204*) de gréisste Verloscht gemaach hunn. Eenzeg am Liwwerdéngscht gouf et e Plus vu bal 25 Prozent (518 op 645*).
Den Teletravail an den Homeschooling haten dann och en Impakt op eis Consommatioun. Nieft de Restauranten a Caféen hunn och d'Kantinnen däitlech manner verdéngt. Hei ass et vun 278 op 171 Euro* erofgaangen. Och gouf 18,6 Prozent manner a Bensin oder Diesel investéiert. Esou huet en Haushalt 2019 nach an der Moyenne 1.156 Euro dofir ausginn, 2020 waren et nach just 941 Euro. Well awer vill méi Leit vun doheem geschafft oder Kanner vun doheem geléiert hunn, gouf méi a informatescht Material investéiert, vun 332 Euro 2019 gouf et et Hausse vun 35,4 Prozent op 450 Euro am Joer 2020.
Ma Sue goufen net just fir d'Aarbecht an d'Schoul, mä och fir d'Fräizäit ausginn. Esou goufen däitlech méi Euroen an E-Books investéiert (9 op 25*). Fir Fräizäitapparater an Instrumenter goufen 2020 dann 72 Euro an der Moyenne pro Haushalt ausginn, 2019 waren et der an deem Beräich nach 24. E groussen Impakt huet och d'Vëlosindustrie duerch Corona an hei och Zouschëss vum Staat materlieft. Hei hunn d'Lëtzebuerger Residenten nämlech 2019 an der Moyenne 129 Euro ausginn, 2020 war et mat 634 Euro bal 5 Mol esou vill.
Eng Baisse dogéint gouf et bei den Ausgabe fir sportlech oder kulturell Evenementer. Hei ass et vun 1.134 op 928* Euro erofgaangen.
Och gouf e bëssen an d'Logementer investéiert. Hunn d'Lëtzebuerger Residenten 2019 nach däitlech méi op Reperatiounsdéngschter gesat (722 erof op 481*) gouf 2020 méi a Material a Geräter, fir selwer ze schaffen, investéiert (585 op 785*).
*Euroen an der Moyenne pro Haushalt am Joer 2019 am Verglach mat der Moyenne pro Haushalt am Joer 2020.