Aktioun LëtzebuergeschEnttäuscht, datt automatesch Ukënnegungen um Findel op Lëtzebuergesch ewechfalen

RTL Lëtzebuerg
Dat schreift de Comité vun der Aktioun Lëtzebuergesch an engem Communiqué en Dënschdeg den Owend.
© Christophe Hochard / RTL (Archiv)

Mat där Decisioun géif eng Joerzéngten al Traditioun gebrach ginn, heescht et weider am Schreiwes. Weider erwaart sech d’AL vun der Regierung, datt ee fir déi ernimmte technesch a finanziell Problemer eng Léisung géif fannen. Dës Situatioun hat déi leschte Woch fir vill Opreegung gesuergt, nodeem d’Ministere François Bausch a Jean Asselborn op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Fred Keup geäntwert haten.

D’Comitésmember vun der Aktioun Lëtzebuerg ginn awer nach méi wäit a froen, ob et net, wéi am Ausland üblech, och d’Beschëlderung um Flughafen an eisen dräi administrative Sproochen an der Weltsprooch Englesch méiglech wieren. Et wier een, a béide Fäll, bereet, bei den Iwwersetzungen ze hëllefen, esou d’AL weider.

PDF: D'Schreiwes vun der Aktioun Lëtzebuergesch

Back to Top
CIM LOGO