Op der Pressekonferenz e Méindeg de Moie sinn eng Rëtsch Nouvellen esouwuel am Lycée an an de Primärschoulen annoncéiert ginn.

Eng méi divers Schoullandschaft fir Lëtzebuerg: Méi Coursen, déi d'Digitalisatioun fërderen, eng gratis Hausaufgabenhëllef an eng Schoulflicht bis 18 Joer sollen zu enger Moderniséierung vum Schoulsystem bäidroen.

D'Pandemie huet déi lescht 18 Méint vill Ressourcë konsuméiert an awer wëll den Educatiounsministère iwwert déi nächst 2 Joer eng Rëtsch Ännerungen a Reforme vum Dësch op den Terrain bréngen. Ganz ënnert dem Motto: „Hei kanns de wuessen – eng Plaz fir staark Kanner“.

Et wier d’Ambitioun, de Covid gutt an de Schoulen ze geréieren, mä et sollt ee sech net dorop limitéieren. Dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch op der Pressekonferenz fir d'Rentrée.

Déi nächst 2 Joer misst een notzen, fir d‘Diversifizéierung vun der schoulescher Offer weiderzedreiwen, dat och fir déi international Nofro. An deem Sënn fänken dës Woch zum Beispill eng Honnert Lycéeesschüler an der neier École internationale zu Miersch un.

"Et ass eng weider Schoul déi europäesch Klasse wäert ubidden. Esou ewéi se an de leschte 5 Joer zu Déifferdeng, zu Esch, zu Lënster, zu Klierf, an zu Munneref opgaange sinn", esou den Educatiounsminister e Méindeg.

D’nächst Joer soll och eng ëffentlech Europaschoul an der Stad hir Dieren opmaachen an et sinn Europaklassen am Lycée Belval an am Nic Biver zu Diddeleng virgesinn.

D'Informatik-Sektioun vun 2017 gëtt a méi Lycéeën ugebueden an am ECG an der Stad kënnt eng Sektioun N dobäi, déi sech op den Entrepreneurship fokusséiert a Finanzen a Marketing kombinéiert. Donieft geet am Lycée classique geschwënn eng Sektioun P an eng Pilotphas. Hei läit den Akzent op de Sciences humaines, virun allem an der Pedagogie, Psychologie, Soziologie a Philosophie.

Fir den Educatiounsminister ass et awer och wichteg, Schüler, déi Schwieregkeeten hunn, besser ënnert d’Äerm ze gräifen. Dofir gëtt eng landeswäit gratis Hausaufgabenhëllef a Plaz gesat. Fir Schüler, déi nei am Land sinn, besser am Bildungswiesen z’integréieren, sollen dës méi intensiv begleet ginn. De Claude Meisch envisagéiert an deem Kontext och eng wäitreechend Reform vun de Strukturen a Prozesser.

Nieft dem klassesche Schoulsystem zu Lëtzebuerg, soll awer och en neie Fokus op d'Léiercapacitéite vu Jonken, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg kommen, geluecht ginn.

Claude Meisch iwwer Jonker, déi aus dem Ausland kommen

Eng vun den zentralen Erausfuerderunge vun eisem Schoulsystem ass a bléift d'Integratioun vun deene Schüler, déi frësch an d'Land komm sinn. Mir mussen eis Orientatioun verbesseren an déi Schüler virun allem eng Zäit laang méi intensiv begleeden. Nëmmen esou kenne mer evitéieren, datt de Wiessel vum Wunnuert, dee jo normalerweis net vum Schüler decidéiert gouf, zu engem dauerhafte Knéck am Bildungsprozess vun engem Jonke kann hunn.“

Claude Meisch iwwer d'Erhéije vum Alter vun der Schoulflicht
Op der Pressekonferenz sinn eng Rei Nouvellen annoncéiert ginn.

Eng weider wichteg Neierung ass déi vum Eropsetze vum Schoulflichtalter op 18 Joer. Domat soll verhënnert ginn, dass Jonker fréizäiteg d’Schoul ofbriechen. Se solle genuch Zäit kréien, sech adequat op d’Beruffswelt virzebereeden. An den nächste Woche wëll den Educatiounsminister dem Regierungsrot en entspriechende Gesetzesprojet virleeën.