En Dënschdeg de Moie konnt Dir eis live op RTL Radio Lëtzebuerg Är Meenung soen an Är Froe stellen.

Déi fräiwëlleg Tester virun der Rentrée an an der Schoul. Déi allgemeng Maskepflicht déi ewechfält. Den Impakt vun de Coronamesuren op d'Gemitt vun de Kanner. Ënnert anerem dës Sujeten hunn an onsem "Dir hutt d'Wuert" en Dënschdeg de Mueren interesséiert. Invité war den Educatiounsminister Claude Meisch.

Eng Suerg war, datt d'Infektiounszuelen duerch d'Schoulkanner nees allgemeng kéinte klammen. Datt sech nees méi Kanner infizéieren, wier effektiv net ze evitéieren, esou de Minister, well si nach net konnte geimpft ginn. Fir datt sech de Virus awer dann net weider verbreet, wier et wichteg, datt déi Erwuesse geimpft sinn. An dowéinst huet de Claude Meisch nach eng Kéier den Appell gemaach, sech impfen ze loossen. Beim Léierpersonal wiere schonn eng 90% komplett geimpft.

Datt den 3G-System, de Covid-Check, net an de Schoulen applizéiert géif, hätt logistesch Grënn. An do géif sech och d'Fro stellen, wat mat de Schüler maachen, déi nach net geimpft sinn.

Dir hutt d'Wuert iwwert Schoulrentrée, mam Claude Meisch
Dir hutt d'Wuert mam Claude Meisch am Resumé
En Dënschdeg de Moie konnt Dir eis live op RTL Radio Lëtzebuerg Är Meenung soen an Är Froe stellen.