Positiv gesäit een och, datt de sougenannte “Comité d’accompagnement permanent” Verännerunge soll begleeden, allerdéngs géing een net verstoen, datt dëse Comité zanter 2005 net méi zesummekomm ass.
Dossier Superdreckskëscht: Audit huet keng Onreegelméissegkeete festgestalltDéi 4 Oppositiounsparteien an der Chamber kritiséieren allerdéngs, datt d’"Firmegeflecht” vum Superdreckskëscht-Bedreiwer Hans-Peter Walter am Audit net ënnert d’Lupp geholl gouf. Seng Fraktioun géing e weideren Audit fuerderen, dee sech domat befaasst, sot eis de CSV-Deputéierte Paul Galles. Déi Lénk géinge sech deem uschléissen, sot eis d’Deputéiert Myriam Cecchetti.
“Well et muss ee jo wëssen, datt elo dat neit Offallgesetz kënnt an datt eigentlech dee ganze Recyclage-Volet en immens lukratiivt Geschäft ka ginn oder scho bal ass. An do kann et jo net sinn, datt do Leit sech hire Marché do schafen an déi selwer dann duerno d’Präisser festleeën, déi d’Allgemengheet muss bezuelen, fir dann de Recyclage ze maachen, respektiv och Firmebetriber, déi eigentlech Müll produzéieren, dee mir als Konsument kafe ginn an herno déi nämmlecht Betriber recycléieren, da bezuele mer nach eng Kéier.”
Fir d’CSV géing sech doriwwer eraus och nom Audit nach ëmmer d’Fro stellen, firwat et 2005 keng ëffentlech Ausschreiwung fir d’Superdreckskëscht gemaach gouf.
“Net alles,wat formell korrekt ass, huet och déi beschten Absichten. An dat bezitt sech zum Beispill op déi Fro, firwat ass deemools, wéi ausgeschriwwe gouf, keng Soumission publique gemaach ginn, also dass all d’Acteure vum Marché sech konnte mellen, firwat ass e Marché négocié gemaach ginn, firwat ass een Acteur rausgepickt ginn, mat deem dann am Detail negociéiert ginn ass.”
Déi 2 Oppositiounspolitiker hu bedauert, datt si weder de Rapport, nach de Resumé vum Rapport virun Aen haten, wéi en an der Chamberkommissioun presentéiert gouf. Dat hätt et schwéier gemaach, Froen ze stellen.