Audit huet keng Onreegelméissegkeete festgestallt
E Freideg de Mëtteg huet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg no der Chamber och der Presse d'Detailer iwwert d'Aktioun Superdreckskëscht virgestallt.
Vum Gesetz hir ass alles konform, mä et gëtt Verbesserungsméiglechkeeten, ënnert anerem fir Interessekonflikter virzebauen. Esou kann ee ganz graff den Audit iwwert d'Aktioun Superdreckskëscht resuméieren, deen d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg e Freideg virgestallt huet. D'Analys, déi d'Beroderfirma Muller&Associés déi lescht Méint gemaach huet, ass formaljuristesch keen Audit no den internationale Standarden, mä e Rapport iwwert de Fonctionnement vun der Superdreckskëscht, de Kontrakt mam Staat, de gesetzleche Kader an an d'Finanzstruktur. Dobäi gouf sech eenzeg an eleng op de Kontrakt tëscht dem Staat an dem Bedreiwer vun der Superdreckskëscht, d'Firma Oeko-Service Luxembourg konzentréiert.
D'Finanzstruktur vum privaten Exploitant an d'Finanzfluxen tëscht de verschiddene Firme vum Entrepreneur Hans-Peter Walter goufen net analyséiert. Duerfir hätt een net direkt e juristescht Argument gehat. D'Consultingfirma huet am Audit keng "Net-Konformitéiten" zum Gesetz festgestallt. Och wier d'Ausschreiwung fir d'Aktioun Superdreckskëscht 2017 korrekt gelaf. Dat heescht awer net, datt et keng Verbesserungsméiglechkeete gëtt. Déi gi virsiichteg am Audit formuléiert.De Büro Muller&Associés recommandéiert, de Facturatiounssystem ze moderniséieren. Den Ament ginn d'Rechnunge manuell geréiert. Dat hätt reegelméisseg zu Feeler gefouert.Donieft soll mam sougenannte "Comité d'accompagnement permanent" e Gremium reaktivéiert ginn, deen d'Finanzen, de Budget iwwerwaachen an och den technesche Suivi maache soll. An de Staat wëll selwer d'Mark Superdreckskëscht enregistréiere loossen. Et hätt sech rausgestallt, dat, anescht wéi an der Vergaangenheet gemengt gouf, duerchaus méiglech ass. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg wollt e Freideg betount no vir kucken. Den Audit wier e Startschoss an d'Basis, fir d'Zäit no 2028 och. Soulaang leeft deen aktuelle Kontrakt mat der Firma Oeko-Service Luxembourg iwwert d'Aktioun Superdreckskëscht.
Den Ëmweltministère hat den Audit an Optrag ginn, nodeems an der Press de Verdacht geäussert gouf, d'Privatfirma, déi d'Aktioun Superdreckskëscht vum Staat bedreift, vun enger Monopolstellung profitéiere géif, wéinst private Frëndschaften an enger Soumissioun op Mooss.
D'Carole Dieschbourg sot e Freideg, datt den Direkter vun der Ëmweltverwaltung hir am Summer matgedeelt huet, an d'Pensioun goen ze wëllen, nach ier d'Resultater vum Public publizéiert goufen, huet d'Ministesch insistéiert. De Robert Schmit wier am pensiounsberechtegten Alter.
RTL-NEWS: D'Reaktioune vun der Oppositioun nom Audit
Schreiwes
Présentation du rapport final de l’audit de l’action «SuperDrecksKëscht» et des priorités politiques qui en découlent (17.09.2021) | |
| |
En ce jour, l’auditeur mandaté par le ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable, Muller & Associés, a présenté son rapport de l’audit de l’action de la «SuperDrecksKëscht» (SDK) à la Commission de l'Environnement, du Climat, de l'Énergie et de l'Aménagement du territoire de la Chambre des députés.
Le rapport final de l’audit, ainsi que la présentation Powerpoint reprenant les éléments phares du rapport de l’auditeur sont mis à disposition du public. Les documents sont annexés au présent communiqué sous forme de Pdf. |