D'Patrullen op der Gare a ronderëm d'Stad gi weider verstäerkt. Op Wonsch vun den Awunner gëtt méi Terrainsaarbecht vun de Beamten versprach.

Vun e Méindeg u wëll d’Police méi Presenz an der Stad weisen. Dat gouf op enger Pressekonferenz vum Policeminister a Vertrieder vun der Police annoncéiert. Et ass d'Reaktioun op d'Nofro vun der Populatioun no méi Patrullen. D'Onsécherheet bei de Leit wier no de sëllege Faiten, déi medial déi lescht Méint Welle geschloen hunn, geklommen.

Konkreet heescht dat, datt méi Patrullen an de verschiddene Quartieren an op der Gare solle Presenz um Terrain weisen. D’Police am Zentrum wier dobäi sech ze reorganiséieren, fir déi neidesch Capacitéiten a fräi Unitéiten op den Terrain ze bréngen, erkläert de Patrick Even Direkter vun der Region Zentral bei der Police. „Um Terrain gesäit dat herno esou aus, datt eis Ekippen haaptsächlech zu Fouss mä och mam Vëlo op den nevralgesche Punkte wäerten ënnerwee sinn, déi mir festgeluecht hunn. Dat souwuel als Patrull, mee och als Standposten. Mir wäerten och Kontrolle maachen. Einfach fir dobaussen ze sinn. “

RTL

© Lynn Cruchten

Froen dozou stellt sech de Pascal Peters, Direkter vun der Zentral Police Administrative: Wou kommen déi Leit hier? Mir hu gesot, dat gi vill Unitéiten um Terrain. Et ass e kollektiven Effort, dee mer maachen. Dat heescht och hautzedaags mécht en Hondsmeeschter keng klassesch Interventioun. Dee rifft jo eng aner Patrull. An dat ass genau dat, wat mir hei elo an der Stad wëllen ëmsetzen fir dat strukturéiert hinzekréien. Et ass net esou, datt am ganze Land all Patrull eng Interventioun zur gläicher Zäit mécht. Hei gi mer hin a soen: déi fräi Unitéite kréien d'Missioun Visibilitéit an der Stad ze weisen.“

Preventioun duerch méi Presenz

Wei vill Poliziste méi elo den Dag um Terrain patrulléieren, wier awer schwéier ze chiffréieren an ofhängeg dovu wéi vill Unitéite grad Zäit hunn. Dofir sollen ënner anerem d'Unitéit vun den Hondsmeeschteren an och d'Police de la Route mat integréiert ginn. „D'Prioritéit ass et dann op Preventioun ze setze mat eiser Presenz. Mir erhoffen eis esou e positiven Effekt op dat subjektiivt Sécherheetsgefill. D'Police soll gesi ginn. Present sinn. Uspriechbar sinn. Informéieren an hëllefe kënnen.“

Et ass e Konzept, dat no der Testphas an der Stad och zu Esch, Déifferdeng an Ettelbréck an den Asaz soll kommen. De Policeminister Henri Kox, wënscht sech elo virun allem Rou am Dossier "Police Personal". „Mir mussen no fir kucken. Mir wëssen, datt e Manktem u Personal um Terrain do ass. Deen ass evident. Mir hu kollektiv awer en immensen Effort gemaach. An dat gesäit ee beim Budget. De Budget fir d'Police geet em 10% an d'Luucht. Eleng beim Personal wiere mer bei 8,4%, fir déi Effektiver och kënnen ze begleeden. Ech mengen d'Volontéit ass endlech op allen Niveauen ukomm."

RTL

© Lynn Cruchten

D'Stad Lëtzebuerg begréisst d'Initiativ vun der Police an dem zoustännege Minister Henri Kox. Et wier e Schrëtt an déi richteg Richtung, och wann dat aktuell näischt um Kontrakt mat der privater Sécherheetsfirma ännert. D'Lydie Polfer, Stater Buergermeeschtesch: „Mir hoffen natierlech, datt d'Police dat hei esou kann duerchfeieren. Si hu net méi Leit fir dat ze maachen. Et sinn der elo eng Rei, déi an der Schoul sinn. D'nächst Joer wäerten do méi Poliziste kommen. Dann ass et ee neie Moment. Fir den Ament begréisse mer d'Propos hei. Et geet an déi richteg Richtung. Mir hoffen, datt se et och wierklech kënnen duerchzéien.“

Déi nächst Méint sollen déi éischt Polizisten, déi 2020 rekrutéiert goufen op den Terrain kommen. Bis 2023 sollen 600 nei Polizisten an 240 Zivilisten an der Policeschoul ausgebilt ginn.