Nach net kloer, wien neie Generaldirekter gëtt

© RTL-Archiv
Den Nominéierungsprozess vun engem neie Generaldirekter géing normal weiderlafen, heescht et vum Spidolsgrupp an engem Schreiwes en Donneschdeg de Moien.
D'Lëtzebuerger Wort hat gemellt, de Gastroenterolog Marc Berna géing laanscht de Selektiounscomité an de Verwaltungsrot op dee Poste gesat ginn. Dat dementéiert de Spidolsgrupp an engem Communiqué en Donneschdeg de Moien. Den HRS-Vizepresident Claude Seywert schreift hei, d'Rekrutementsprozedur wier nach amgaang an et wier nach keng Nominatioun gemaach ginn.
D'Lëtzebuerger Wort hat vun enger ontransparenter Prozedur geschwat, e méi qualifizéierte Kandidat wier einfach fale gelooss ginn an de fréiere President vum Spidolsgrupp a President vun der HRS-Stëftung Jean-Louis Schiltz géing d'Strëppen hannert de Kulissen zéien. Am Communiqué en Donneschdeg de Moien heescht et, de Rekrutement wier eng oppen an international Prozedur, dee vun engem interne Selektiounscomité geleet géing ginn a fir deen een op extern Expertise géing zréckgräifen. Souwuel de Conseil médical wéi d'Personaldelegatioun géingen iwwert all Schrëtt informéiert ginn.
D'Hôpitaux Robert Schuman sichen en neie Generaldirekter, nodeems de Spidolsgrupp sech no der Kontrovers vun den Impfdrängler ugangs dës Joers vum Claude Schummer op deem Poste getrennt hat.