
Zu Hesper an der Grondschoul gouf et en Donneschdeg e Fall vun engem sexuellen Iwwergrëff op e mannerjäregt Meedchen aus dem Cycle 2.
Wéi de Parquet confirméiert, hat sech e Mann, dee seng Niess Moies an d’Schoul begleet hat, an den Toilettë verstoppt. Dono huet hie sech dunn am Schoulgebai un engem anere Kand vergraff.
No der Dot huet sech de presuméierte schëllege Mann duerch d’Bascht gemaach.
De Mann konnt awer séier identifizéiert ginn a gouf ewell en Donneschdeg verhaft. De Freideg hat hien e Rendezvous beim Untersuchungsriichter.
Wéi et heescht, war et dem Mann erlaabt, an d’Schoulgebai eran ze goen, wëll hien de Monni vun engem Schoulkand war.
D’Eltere vun de Kanner aus der Hesper Grondschoul goufen e Freideg iwwert de Virfall informéiert. Deemno wier och d’betraffe Schoulklass vun den Enseignanten aus dem Grupp de Support psychologique betreit ginn.
De presuméierte schëllege Mann dierft an Untersuchungshaft kommen - eng Enquête ass am Gaang.