Méi Flexibilitéit a méi Choix, dat bitt Luxair hire Clientë mat 4 neie Präis-Formullen zanter Oktober un.

Deemno kann een elo eng vun de 4 Kategorien "Smart, Flex, Business a Light" auswielen. All Kategorie ass un den eenzele Besoin vum Passagéier ugepasst, wann een entweder als Famill reest oder méi séier ouni Gepäck reese wëll. Den Tarif "Smart" ersetzt de fréiere Klassik, et kann een awer méi einfach ëmbuchen, respektiv dës Fraise sinn da manner héich.

Bei der Formule "Light", déi aktuell nach net zur Auswiel steet, reest ee mat engem liichten Handgepäck bis zu 8 Kilo. Do muss een dann awer säi Sëtz eenzel dobäi buchen.