En Dënschdeg war dem Staatsminister seng Deklaratioun zur Lag vun der Natioun. Speziell war, dass d’Parlament no 18 Méint nees um Krautmaart zesumme war.

„Mir sinn dem Enn vun der Pandemie ganz no“, esou de Xavier Bettel den Dënschdeg a senger Ried zur Lag vun der Natioun an der Chamber. De Premier huet betount, d’Demokratie wier zu Lëtzebuerg net virum Virus an d’Knéie gaangen, mee hien huet awer un déi erënnert, déi eis fir ëmmer verlooss hunn. Et dierft ee si ni vergiessen.

Elo misst een de Wee preparéiere fir no der Kris. Als Haapterausfuerderungen huet hien de Klimawandel, déi héich Wunnengspräisser a sozial Problemer genannt.

De Xavier Bettel ass och op d’Iwwerschwemmungen am Juli agaangen an d’Existenzen, déi a Gefor gerode sinn. Et géing weider dat Bescht gemaach ginn, fir hinnen ënnert d'Äerm ze gräifen.

A puncto Klimaziler huet hie just erënnert, datt Lëtzebuerg well d’Zäregas-Emissioune bis 2030 ëm 55% reduzéieren an hien huet d’Mesurë Revue passéiert, déi en Place wieren, fir den Undeel un erneierbaren Energië weider auszebauen. Eng éischt kleng Annonce huet hie kuerz viru 14 Auer gemaach: en zousätzleche Subside-Programm fir Opluetstatiounen op der Aarbechtsplaz, deen ufanks d'nächst Joer soll lancéiert ginn.

D'Regierung schafft un engem neien Hëllefsprogramm, fir datt all Betrib sech méi klimafrëndlech kann opstellen, d'Fedil hat dat gefuerdert. Staatlech Missiounen am Ausland sollen an Zukunft CO2-kompenséiert ginn.

D'Leit solle positiv incitéiert ginn, méi klimafrëndlech ze liewen. Et soll e Klima-Biergerrot kommen, mat 100 Memberen, wou stellvertriedend fir d'Populatioun iwwer Klimafroe diskutéiert gëtt.

D'Spekulatioun mat Bauland a Wunnenge gëtt an Zukunft besteiert. Och dat war eng Annonce en Dënschdeg de Mëtteg vum Premier Xavier Bettel a senger Ried zur Lag vun der Natioun an der Chamber.

De Logement ass e ganz grousse Problem am Land, de Wunnraum soll kee Spekulatiounsobjet méi sinn, sot de Staatsminister.

Xavier Bettel iwwer Spekulatioun

An den nächsten 12 Méint soll e Gesetzprojet iwwer d'Reform vun der Grondsteier deposéiert ginn.

En nationale Regëster soll entstoe mat alle Wunnengen, déi et am Land gëtt, a wou festgehalen ass, ob se bewunnt sinn oder net.

D'Regierung géif alles maachen, fir d'Präisspiral ze stoppen. Dat geschitt awer net vun haut op muer. Dofir gëtt de Sozialsystem weider ausgebaut:

D'Allocation de vie chère gëtt weider erhéicht. D'Maison-relaise gi wärend der Schoulzäit gratis.

D'Kannergeld gëtt vum nächste Joer un nees indexéiert. D'Indextranche vum 1. Oktober gëtt berécksiichtegt an all Kand soll mëttes e waarmt Iesse kréien. Kanner vu Famillje mat klengem a mëttlerem Akommes solle gratis an der Grondschoul an am Lycée iessen. Bei engem Lycéeskand, dat all Dag an der Schoul ësst, géif dat 846 Euro d'Joer ausmaachen, sou de Xavier Bettel.

Xavier Bettel iwwer gratis Iessen a Kannergeld

Corona hätt eist Liewen deels entschleunegt. Aarbecht wär wichteg, mä mir géifen net liewe fir ze schaffen, mä schaffe fir besser ze liewen. Eltere sollen dowéinst nach méi Flexibilitéit an Zäit mat hire Kanner kréien. E „Work-Life-Balance-Pak“ gëtt ausgeschafft. E Recht op Deelzäit soll komme mat engem Staat, deen en Deel vun de Cotisatiounen iwwerhëlt. Wann déi zwee Elteren de Congé parental huelen, soll dat och belount ginn. Den Teletravail soll dauerhaft eng attraktiv Alternativ bleiwen.

Lëtzebuerg wier en digitale Frontrunner, huet de Xavier Bettel am Etat de la Nation nach gemengt. Jidderee soll dovunner profitéieren, an esou gëtt e Subside fir Stéit agefouert, déi sech den Uschloss un e séieren Internet net leeschte kënnen.

7,7 Milliounen Euro sinn am Budget 2022 dofir virgesinn.

D’Ried vum Premier an der Chamber, elo nees um Krautmaart an net méi am Cercle, huet iwwregens knapp zwou Stonne laang gedauert (1h53). Iwwerschriwwe war se: "Eise Wee. Eist Zil."

Déi ganz Ried vum Premier am Replay

Klickt hei, fir op de Replay vun der ganzer Ried ze kommen.

Déi wichteg Punkte vun der Ried am RTL-Liveticker noliesen