Bal zwou Stonne laang - seelen hu mer de Staatsminister esou laang héieren iwwert den Zoustand vum Land schwätzen - mee et ass wéi bei der Drauwelies: d'Quantitéit mécht net ëmmer d'Qualitéit aus.

Reflektiounen den Owend vum Roy Grotz.

Tëscheruff Etat Nation Bettel/Roy Grotz

An awer muss Ech soen, datt den Etat de la Nation e gudde Cru war - do hu mer scho bedeitend méi schwaach Riede vum Premier Bettel héieren - et mierkt een, datt hie sech rezent Kriticken u Form a Stil zu Häerz geholl huet an eng zolidd Ried presentéiert huet.

Ech erkläre mech:

Un der Form ass net vill auszesetzen, roueg virgedroen, verschidden Aspekter mat der Verve vun engem engagéierte Premier, anerer mat Reflektioun ouni onnéidege Pathos, dee mer alt soss Kéieren beim Xavier Bettel observéieren konnten.

Dat ass wuel och de Merite vum neien, jonke Chef de cabinet vum Premier, dem Jeff Feller, dee seng éischt Feierprouf als engem vun de Co-Auteure vum Etat de la Nation deemno gepackt huet.

De Contenu dann - well un deem muss jo esou eng Ried - déi awer ëmmer méi aus der Zäit gefall schéngt- gemooss ginn.

Jo, de Staatsminister huet kriddeleg Punkten net a sengem 46 Säiten décken Manuskript evitéiert: Vum Klimachangement, deen net ze niéieren ass, iwwert den akute Logements-Probleem bis hin zu Mobilitéit an den néidegen héijen Investissementer - zemools d'DP-gefouert Ministère koumen gutt an der Ried vum Parteikolleeg Bettel ewech: Schoul, Familljen, de Frontrunner an der Digitaliséierung a Finanzen.

Och wann d'Quantitéit vun de wierklech konkrete Mesuren ganz ganz kleng an iwwerschaubar ass. D'Dräier-Koalitioun huet hir bescht Eeër geluecht, lo muss bis 2023 geréiert ginn.

Um Bord just gouf d'Landwirtschaft ernimmt, bal kee Wuert iwwer EU-an Baussepolitik, den Inneministère existéiert nëmmen am Trio fir d'Grondsteier ze reforméieren a bei der Santé huet natierlech de Pandemie-Exit dominéiert, woubäi den ambitiéisen Cannabis-Projet et mol net mat engem Wuert an d'Ried gepackt huet.

D'Verfassungs-Reform existéiert net - idem mat Justizreform, Kanner- a Jugendrechter oder engem Wuert iwwer sozial Ofsécherungen a Pensiounen.

Ech weess deemno net, op "eise Wee" - also der Regierung hiren - zu Ziler féiert, déi mir all wierklech wëllen - ech hätt mer e puer Sätz derzou erwaart, datt et u jiddwerengem läit, seng Gewunnechten ze änneren, soss renne mer riicht an Klimakatastroph a kënnen eis nach derfir Merci soen, datt eisen exzessive Konsum derzou gefouert huet an einfach nieft der Plack ass.

Ech woen et deemno wierklech ze bezweifelen, datt de Lëtzebuerger Modell nach ëmmer eng Success Story ass, éischter en Auslaf-Modell, mee de Biergerforum deelt dee Constat vläicht och a léist dann e wierklecht Ëmdenken aus.

Da wier de Wee vun der Regierung zu engem sozialen Lëtzebuerg, wou de "Mateneen" zielt an net Jalousie an Ech-Bezunnheet effektif och "eist Zil"; am anere Fall bleift dem Staatsminister säin Exercice haut eng Schéiwieder-Ried, déi d'Strooss net hale kann.