Et ee lo misst ofwaarden, wéi genee alles soll ëmgesat ginn, heescht et vu Gewerkschaften, Patronat an der Oppositioun. Op konkret Pläng gëtt elo gewaart.

Datt bis Enn vum Joer eng Tripartite komme soll, begréissen d’Gewerkschaften. Si haten dat jo, anescht wéi d'Patronat, scho méi laang gefuerdert. Ma se bléiwe skeptesch a géinge mol fir d'Éischt op d'Sujete waarden.   Vun alle Säite gouf och begréisst, datt gewësse Mesuren an der Sozialpolitik géinge geholl ginn, zum Beispill wat d'Sozialleeschtungen oder d'Kannerbetreiung ugeet.

D'Erklärunge vun dëse Mesurë ginn dem Nora Back vum OGBL awer net wäit genuch. Virun allem misst een och nach kucken, wéi verschidden Annoncë genee ëmgesat solle ginn, zum Beispill, wat d'gratis Mëttesiessen an de Schoulen ugeet. De Sujet Aarbecht ass dem OGBL an der Ried ze kuerz komm, mee dat wat ugekënnegt gouf, wier ze begréissen sou d'Nora Back. D'Fro wier awer och hei, wéi beispillsweis den Droit à la déconnexion oder d'Deelzäitaarbecht ëmgesat gëtt.

Wat d'Méiglechkeet vum CovidCheck an de Betriber ugeet, kritiséiert den LCGB, dass d'Diskussioun, déi an der Regierung sollt gefouert ginn, elo an d'Betriber verlagert gëtt. Et hätt ee sech spéitstens elo konkret Richtlinnen erwaart, bedauert de Patrick Dury, President vum LCGB. Et géing weiderhin un Dialog mat den eenzelen Acteure feelen. Virun allem e méi strukturéierte Sozialdialog wier néideg. De Premier huet a senger Ried zwar ugeschwat, dass et ronn 100 Entrevuë gouf, mä un der Qualitéit misst méi geschafft ginn, wéi un der Quantitéit, esou nach de Patrick Dury.

Extrait Patrick Dury

Och de Romain Wolff, President vun der CGFP, kritiséiert d’Richtung, déi de Premier mam CovidCheck an de Betriber hëlt. De Premier géing ëmmer vu geliefter Solidaritéit schwätzen, wat awer am Widdersproch wier zu deem, wat am neie Covid-Gesetz géing stoen. Dass ee kéint seng Plaz verléieren, wann een de CovidCheck net virleet. Bei de Sozialleeschtunge wéi zum Beispill gratis Maison relais ënnersträicht hien, dass net kloer gi wier, wien hei concernéiert ass. Also mat wéi engem Revenu.

De Michel Reckinger, President vun der UEL, ënnersträicht, dass déi ugekënnegt Efforten, wat d'Work-Life-Balance ugeet, net eesäiteg nëmmen aus der Siicht vun de Salariéë sollt gekuckt ginn. Et misst een elo kucken, wéi genee déi verschidden Ufuerderungen an der Sozialpolitik genee sollen ëmgesat ginn. Zum Beispill stellt sech déi Fro och beim Recht op Deelzäitaarbecht, wann et a verschidde Secteuren awer u qualifizéierte Leit feelt.

Extrait Michel Reckinger

Reaktioun vun der Chamber

D'Oppositiounsparteie konnten dem Premier dëst Joer net reprochéieren, d'Ried wär ze kuerz gewiescht. Klimaschutz, Logement, sozial Nobesserungen, de Xavier Bettel huet och sozial Sujeten, déi d'Land beweegen, ugeschwat. An den Ae vun der CSV huet awer ee gefeelt, wéi d'Fraktiounscheffin Martine Hansen erkläert.

"Dat grousst Walversprieche vun dëser Regierung, nämlech d'Steierreform, ass net an dëser Ried. Dat ass enttäuschend. Et si vill Ziler dran, mä de Wee, deen ass kengem kloer. De Klimapakt bei de Betriber als ee Beispill: do ass vill Zäit verluer gaangen, deen hu mir schonn zanter 2019 gefrot. Dat hätt misste längst geschéien. Fir de Rescht, weess ech net konkret, wéi déi Ziler kënnen erreecht ginn. Et ass och dat, wat de Leit feelt."

"Mir hunn e Bierg vu Problemer am Land, ma leider hu mer awer och a ville wichtegen Dossieren e Stëllstand." Dat sot d'CSV Deputéiert Martine Hansen e Mëttwoch de Mëtteg am Kader vum Debat iwwert d'Lag vun der Natioun an der Chamber. Ziler setze géif der gréisster Oppositiounspartei net duergoen, d'Realitéit wier knallhaart.

Extrait Martine Hansen

D'Martine Hansen huet ënnerstrach, datt d'Gesondheet fir d'CSV Prioritéit wier, an dat am Hibléck op d'Pandemie-Gesetz, wat e Méindeg an der Chamber gestëmmt soll ginn, esou wéi et momentan ausgesäit, d'Land splécke wäert. Der CSV no hätt d'Regierung souwuel bei der Sensibiliséierungs- wéi och bei der Impfcampagne versot. Et hätt ze laang u kloren Informatioune gefeelt an d'Campagnen ze spéit ugefaangen.

De Sven Clement vun der Piratepartei ass positiv iwwerrascht. D'Ried zu der Lag vun der Natioun hätt e mofe Fuedem. Propose vun de Piraten, déi d'Regierung rezent nach ofgewiergt hätt, wären elo an dësem Text ze fannen. Ënnert anerem de Biergernot fir de Klimaschutz. Oder, dass d'Regierung fir hir Auslandsreesen den C02-Ausstouss kompenséiere muss. Fir d'Logementskris hätt de Xavier Bettel op en Neits keng effikass Léisunge presentéiert, esou de Sven Clement.

"Mir kruten alt nees déi nämmlecht Bauprojeten annoncéiert. Elo fir 10. Kéier. Mir brauchen all Joers 6.000 nei Wunnengen, fir dem Problem Meeschter ze ginn. De Premier sot elo, et kéimen der ëm déi 8.000 déi nächst X Joren. Do huet e jo keen Datum genannt. Do geet also eppes net op. Och mat der Grondsteier gi mir erëm 12 Méint vertréischt. Do geet et eis duerno wéi mat der Cannabis-Legaliséierung. Da geschitt guer näischt."

No enger Ried, déi de Klimaschutz als Prioritéit nennt, kann déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché natierlech nëmmen zefridde sinn. Och wann déi grouss Changementer héchstens ageleet, awer nach net ëmgesat, ginn.

"D'Klimagesetz gesäit natierlech de Kader vir. Elo geet et drëms, d'Ziler z'erreechen a konkret Moossnamen ëmzesetzen. Et si vill Pisten opgezeechent ginn. Beispillsweis jo d'Verlängerung vun de Primmen an d'Ënnerstëtzung vun den Stéit."

Fir d'Myriam Cecchetti vun déi Lénk war et eng Sonndesried mat e puer Kaddoen, déi de sozial schwaache Leit, an do virun allem villen elengerzéiende Mamme respektiv Pappen, konkret näischt hëllefen.
"Et si e puer Kamellen, déi elo verdeelt ginn, mä ganz éierlech: 42 Prozent vun de Leit, déi hir Kanner eleng grouss zéien, liewen am Aarmutsrisiko. Wat mécht eng elengerzéiend Persoun mat enger gratis Kannerbetreiung vu 7 bis 7 op Schouldeeg, wa se zum Beispill Schichten oder och de Weekend schafft? Wat mécht déi mat enger Primm fir en Elektro-Auto ze kafen, wa se esou just de Loyer zesummekritt?"

A fir de Fernand Kartheiser vun der ADR sinn et och Kaddoen zwee Joer virun de Walen, och wann et net déi schlechtst Kaddoen sinn.

"Mir hunn eng Rei vu soziale Moossnamen dran, déi mir begréissen. Déi maachen eiser Meenung no Sënn an do gëtt et e grousse Konsens driwwer, fir d'Familljen ze stäerken. Et muss een elo kucken, wéi se ëmzesetzen sinn. Et sinn awer och Kontradiktiounen an der Ried. Den Här Bettel seet, hie géif sech fir d'Fräiheeten asetzen. Op der anerer Säit mécht hien am Dossier Covid awer Drock op d'Leit."

Wärend d'CSV an der Ried vum Premier de Sujet Steierreform vermësst huet, stéiert de Fernand Kartheiser sech virun allem dru, dass d'Verfassungsreform an d'Fro iwwert e Referendum de Wee net am Premier seng Ried fonnt haten.

D'LSAP huet eng ganz Partei vun hiren Iddien am Sozialberäich an der Ried erëmfonnt. De Fraktiounspresident Georges Engel ass ënnert dem Stréch zefridden. An et ass kee Wonner, dass de Fraktiounschef vun der DP de Gilles Baum sengem Parteikolleeg Xavier Bettel säi Optrëtt an héchsten Téin gelueft huet.

Reaktioune vun den Ëmweltorganisatiounen

Et ass eng Premiere, datt d'Klimapolitik esou am Fokus vun enger Ried zur Lag vun der Natioun steet. Eppes, wat och d'Lëtzebuerger Ëmweltorganisatioune begréissen. Gefeelt hätten allerdéngs Aussoen zu de strukturelle Problemer, déi zanter Jore bekannt sinn, esou d'Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique. Lëtzebuerg huet ambitiéis Klimaziler. Bis 2030 sollen d'Zäregasemissiounen ëm 55 Prozent reduzéiert ginn. De Staat soll eng Virbildfunktioun iwwerhuelen. Esou sollen ënnert anerem d'Emissioune kompenséiert ginn, déi duerch Missiounen an d'Ausland entstinn. Eng Mesure, déi hiert Zil géif verfeelen, esou de Frank Thinnes vu Greenpeace Lëtzebuerg.

En Nohaltegkeetscheck fir zukünfteg legislativ a reglementaresch Texter, huet de Premier en Dënschdeg de Mëtteg annoncéiert. E weidert Instrument, dat an Aussicht gestallt gouf, ass e Klima-Biergerrot aus 100 Memberen. Eng Biergerbedeelegung, déi am Prinzip gutt wier, allerdéngs net zu Retarde bei wichtegen Decisiounen dierf féieren, esou Greenpeace. Ekologesch a sozial Froe sinn enk verknëppt, eppes, wat net eréischt zanter der Ried bekannt ass. Et misst ee konkret Pläng hunn, wéi een och Stéit mat manner Sue bei der energetescher Transitioun mathëlt, esou de Mouvement Ecologique.