Déi ganz Prozedur vun de Krankekeess-Remboursementer ginn no an no digitaliséiert a Richtung vun engem modernen "Tiers Payant".

Et kennt een et: Et geet ee bei den Dokter, bezuelt seng Rechnung entweder schonn an der Praxis oder et iwwerweist ee se méi spéit. Meeschtens sinn déi net geschenkt, an et freet ee sech drop, vun der Gesondheetskeess rembourséiert ze ginn. Den administrativen Opwand ass grouss an dacks dauert et laang, bis d‘Suen nees um Kont sinn. Dat soll sech änneren.

Bis de Patient d‘Suen net méi virstrecke muss, dauert et nach e bëssen. Déi éischt Phase vun der Digitaliséierung ass, datt d'Dokteschrechnunge méi séier zréckbezuelt ginn. De Minister fir d‘Sécurité Sociale Romain Schneider huet den Oflaf erkläert:

"Den Dokter dréckt seng Memoiren nach ëmmer eraus, do ass e QR-Code drop. An dee Code gëtt eben dann op déi digital Plattform erofgelueden."

Zwou mobil Appe goufe scho presentéiert. D'Patiente bezuele fir de Moment nach weider normal hir Rechnung beim Dokter. Ma an Zukunft kënne si hir Rechnung direkt iwwer den digitale Wee un d’Gesondheetskeess weiderleeden. Wat d‘CNS den Dossier méi einfach an séier traitéiere kann, wat de Patient seng Suen éischter huet. Dat funktionéiert iwwer d‘Gesondheetsapp, déi schonn direkt disponibel ass, a ganz geschwënn och iwwer déi nei App vun der Gesondheetskeess.

"Tiers payant vun der nächster Generatioun"

Op der Facture vum Dokter ass deemnächst e QR-Code. Nodeems den Assuré bezuelt huet, scannt en deen, gesäit dat digitaalt Dokument a senger App, a gëtt et fräi fir d‘Plattform eSanté. Do hunn dann d‘Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun der CNS Accès drop a kënnen d‘Facture méi séier traitéieren. An Zukunft soll et am Idealfall just nach zwee Deeg dauere bis den Assuré rembourséiert gëtt.

D'Doktere sinn elo gefrot

Dat klengt gutt mä et gëtt en Hoken. D‘Appe funktionéieren, d‘Plattform eSanté ass operativ, ma d‘Doktere musse matspillen. De President vun der Dokteschassociatioun AMMD Alain Schmit erkläert de Problem:

"Dat wat schwiereg ass, ass natierlech d‘Verbreedung um Niveau vun de Cabineten. Dat ass alles vill Aarbecht. Déi Demarche ass am Gaangen. Et ass net all Dokter domadder equipéiert. Dat wär ze schéin."

Ronn 2000 Dokteschen an Doktere ginn et am Land. Eréischt eng 50 wären der scho prett fir dee sougenannten "remboursement accéléré" unzebidden, schätzt den Alain Schmit. Fir Leit, déi digital net esou fit sinn, gëtt et déi ganz Prozedur och nach op Pabeier. Ma de President vun der CNS Christian Oberlé hëlt d‘Medezinner mëttelfristeg an d‘Responsabilitéit.

"Och den Dokter muss sech Zäit huele fir en Update vu sengem System am Cabinet. Ech weess, dass d‘Doktere vill ze schaffen hunn, an dat net hir Prioritéit ass. Zesumme mat der AMMD sensibiliséiere mir d‘Dokteren awer ganz staark. Et ass net normal fir de Patienten 2023 Servicer virzëenthalen, déi haut scho missten Normalitéit sinn.‘"

2023 soll jo den "tiers payant" vun der neier Generatioun agefouert ginn. Den Assuré muss d‘Participatioun vun der CNS dann net méi virstrecken. Den Dokter wäert just nach een eenzege Montant kréien. De "remboursemnt accéléré" gëtt presentéiert als Tëschenetapp, fir d‘Patienten an d‘Dokteren un dës Digitaliséierung ze gewinnen, mat där d‘CNS bis zu 15 Milliounen Dokumenter op Pabeier spuere kann.

Déi Lénk: "Tiers Payant" ass net wierklech een

Déi Lénk gesinn den Tiers payant-System vun den Dokteschrechnungen, wéi en de Mëttwoch vum Sozialminister Romain Schneider presentéiert gouf, kritesch. D'Oppositiounspartei schwätzt vun engem Communicatiounscoup, en elektronesche Gadget, deen d'Regierung als generaliséierten Tiers payant ausgëtt. Deen awer a Wierklechkeet kee wier.

Hei missten d'Patienten nach ëmmer Sue virstrecken. Just de Pabeier géif via eng App an e QR-Code verschwannen. An deem Sënn géif e System och déi diskriminéieren, déi kee Smartphone hunn.