Et ass e graduelle Retour an d'Normalitéit – och fir d'Schüler
Dëst Joer gouf et nees eng Studentefoire, déi op d'mannst zum Deel a Presence konnt organiséiert ginn.
Fir vill Premièresschüler ass et nees un der Zäit sech Gedanken iwwert hir schoulesch Zukunft ze maachen. Iwwert déi lescht Woch gouf via eng virtuell Plattform gehollef ze orientéieren. Iwwer 200 Exposante waren hei mat Webinaren a digitalem Material fir erofzelueden dobäi. Zum Ofschloss gouf et um Samschdeg en Evenement am Presentiell an der Maison du Savoir vun der Uni Lëtzebuerg um Belval.
Vu Säite vun der ACEL huet ee sech driwwer gefreet, nees Schüler a Studenten dierfen ze empfänken.
D'online Plattform mam enregistréierte Material soll iwwerdeems nach bis Enn dës Mounts bestoe bleiwen. Duerno da gëtt evaluéiert, ob de System vun dësem Joer och fir Zukunft kéint weider iwwerholl ginn.
Et gouf och den neie Site mengstudien.lu presentéiert. Dëse remplacéiert an Zukunft de cedies.lu, fir weider Informatiounen iwwer méiglech Studien ze kréien.