Schnéikanounen zu Mamer suerge fir vill Diskussiounen
Mamer kritt fir d'"Winter Moments" ënnert anerem eng Laanglafpist an eng Schnéirutschban an dofir sinn och Schnéikanoune virgesinn.
Fir déi Gréng zu Mamer wier dat "onvertrietbar" wéinst dem "enormen" Waasser- a Stroumverbrauch. Si froen, ob esou en iwwerflëssege Projet net den Androck vermëttele géing, wéi wann et keng Klimakris géing ginn.
Den CSV-Buergermeeschter vu Mamer Gilles Roth betount RTL géigeniwwer, et géing sech ëm déi selwecht Schnéikanounen handelen, déi vum fréiere grénge Buergermeeschter zu Déifferdeng Roberto Traversini agesat gi wieren. De Gilles Roth nennt souguer de Präis: deemools hu se zu Déifferdeng 32.000 Euro kascht, haut kaschte se zu Mamer 35.000 Euro. "Alleguerten déi, déi elo de Moralfanger esou héich an d’Luucht halen, ech ginn dovunner aus, datt ech déi ni méi an engem Fliger gesinn a virun allem net op enger Schipist", sou nach de Mamer Buergermeeschter.
Déi gréng Gemengeconseillère vu Mamer Adèle Schaaf reagéiert a seet, et wier ni ze spéit fir "et besser ze maachen". Et wéilt een nach de Klimaaktiviste kënnen an d’Ae kucken.
De Gilles Roth seet, den CSV-LSAP-Schäfferot wier "net Schäfferot vun de Verbueter", mä besonnesch wärend der Coronakris wéilt een eppes fir d’Famillje maachen. D’Adèle Schaaf ënnersträicht, datt déi Gréng fir d’"Winter Moments" sinn an do matschaffen, mä d’Schnéikanoune wieren eng "rout Linn".