Déi Lénk hu sech e Freideg de Moien op enger Pressekonferenz mat der aktueller Debatt ronderëm d‘Verfassung auserneegesat.

Déi Lénk hunn net mat Kritik un der Verfassungsreform gespuert. Et géif sech just ëm Facelifting handelen. Op enger Pressekonferenz hu si e richtegen ëffentlechen Debat iwwer eng Verfassung an hirem Ensembel gefuerdert. An e Referendum, dee sënnvoll Froe stellt. Anescht kéim een Déi Lénk no net aus der verfuerener Situatioun eraus.

Et wär just nach Politique politicienne, net méi wéi parteipolitesch Manöveren, bedauert de Marc Baum, dee sech als Deputéierte vun déi Lénk laang Joren mat der Verfassungsreform beschäftegt huet.

D‘CSV huet antëscht scho fir d‘zweet hir Meenung komplett changéiert. Hir politesch Linn wär elo komplett inexistent, betount de Marc Baum. An d‘Majoritéitsparteie géifen der ADR den Terrain iwwerloossen.

"D'ADR ass am Moment déi politesch Kraaft vun der Droite, déi op eng onverschimmt an demagogesch Aart a Weis probéiert, aus der verfuerener politescher Situatioun Kapital ze zéien. Zanter 2009 huet si sech nach ni fir d‘Verfassung interesséiert. Hir Deputéiert waren net an de Kommissiounen.‘‘

De Marc Baum situéiert och den Ursprong vun der Petitioun fir e Referendum, déi jo gutt 18.000 Ënnerschrëften krut, am Krees vun der ADR. Déi Lénk si jo fir e Referendum, mä kloer géint dës Petitioun.

"Si probéiert, ganz diffus Ängschten ewéi den Impfzwang ze verbannen mat engem ultrakonservative Bild vun der Famill, wou dann d‘Angscht gesat gëtt, d‘Leit krite verbueden, eng Famill ze grënnen. Et ginn och friemefeindlech Ressentimenter: Et gëtt gesot, et wär en Auslännerwalrecht duerch d‘Hannerdier.‘‘

Eppes, wat déi Lénk net duerch d‘Hannerdier maache géifen, mä kloer an d‘Verfassung aschreiwe géifen. Hir Constitutioun huet humanistesch Ambitiounen, esou d‘Deputéiert Nathalie Oberweis.

"D‘Bierger musse sech kënnen drop baséieren, hir Rechter och kënnen anzekloen. An eiser Verfassung ass zum Beispill d‘Recht op Wunnen an d‘Recht op Aarbecht. Et muss e Grondrecht sinn, fir dass d‘Leit et akloen kënnen a fir dass de Staat verflicht ass, dat Recht ëmzesetzen."

Eng Verfassung dierf och net am Donkelen ausgeschafft ginn an dem Vollek dann a véier Deeler oniwwersiichtlech presentéiert ginn, seet de fréieren Deputéierten André Hoffmann. Eng nei Verfassung misst als Ganzt diskutéiert ginn.

"Zum Ofschloss vun deem Debat soll et e Referendum ginn. Awer een aneren ewéi esou eng Vereinfachung mat ‚‘Jo‘‘ oder ‚‘Nee‘‘. Fir d‘éischt muss et en dräifache Choix ginn: éischtens: ech wëll déi al Verfassung bäibehalen. Zweetens: ech si fir déi nei Verfassungsversion am Revisiounsprojet. Mä drëttens: ech si weder mat der enger nach mat der anerer Versioun zefridden an ech hätt gär eng Verbesserung op enger Rei vu Punkten."

Op déi Manéier kéinten d‘Leit hir Preferenzen méi präzis ausdrécken. De fréieren Deputéierten vun déi Lénk André Hoffmann nennt dat och ‚‘Preferendum‘‘.