
November 2015 / © RTL Archiv
Iwwer eng méiglech Ausliwwerung huet d'Cour d'Appell zu Nanzeg beroden. Déi wëll d'Defense natierlech verhënneren. Et sti 40 Joer Prisong am Raum.
Lëtzebuerg ass bei der OneCoin-Bedruchsaffär méi concernéiert wéi bis elo bekannt, schreift den 100,7 en Donneschdeg. Wéinst där Affär wou mat Kryptowärungen Investisseuren iwwert den Dësch gezu goufen, war een am Abrëll gewuer ginn, datt de fréiere Geheimdéngscht-Mataarbechter Frank Schneider op Demande vun den USA a Frankräich festgeholl gouf. Dem 100komma7 no, kënnt an den Ënnerlage vum Geriicht och de Numm vun engem Lëtzebuerger Steierexpert vir, dee beim Wäisswäsche vu Sue soll gehollef hunn. Donieft hätt e Lëtzebuerger Banquier, de Pitt Arens, e Kontrakt als CEO vu OneCoin gehat an hätt dofir 11 Méint laang 62.500 Euro de Mount kritt. D’Firma OneCoin hätt dann och iwwer Lëtzebuerger Gesellschafte méiglecherweis Sue vun Investisseure verschwanne gelooss an och lëtzebuergesch Investisseure wieren zu Schued komm.
D’OneCoin Bedruchsaffär stoung den Donneschdeg de Moien op der Dagesuerdnung vum Geriicht zu Nanzeg. Op der Cour d’appel gouf do iwwert d’Ausliwwerung vum fréiere Geheimdéngscht-Mataarbechter Frank Schneider un d’USA verhandelt. Hie riskéiert do bis zu 40 Joer Prisong. Anerersäits gouf awer och iwwert eng provisoresch Fräiloossung ënner Oplage verhandelt. Iwwert eng Mise en liberté provisoresch gëtt de Freideg entscheet, eng Decisioun iwwert d’Ausliwwerung wier elo fir de 19. Januar festgeluecht ginn.
De Frank Schneider, deem säin aktuelle Wunnsëtz zu Joudreville a Frankräich ass, war Enn Abrëll op Demande vum FBI kuerz virun der franséischer Grenz festgeholl ginn, wéi hie wollt op Lëtzebuerg fueren. Zanterhier sëtzt en a Frankräich an Untersuchungshaft.
De Parquet huet eis géintiwwer confirméiert, keng Ausliwwerung vum Frank Schneider op Lëtzebuerg gefrot ze hunn an och net envisagéiert, dat ze maachen. Et géif sech ëm eng US-amerikanesch Affär handelen, déi zanter puer Joer integral an den USA verhandelt gi wier. Déi Lëtzebuerger Justizautoritéiten gesi keng Noutwendegkeet, och hei am Land eng Affär unzefänken, confirméiert eis de Justizspriecher Henri Eippers.
Zesumme mam Marco Mille ass de Frank Schneider zu Lëtzebuerg besonnesch wéinst der sougenannter "Aueren-Affär" bekannt. Déi dräi fréier Mataarbechter waren an éischter Instanz vum SREL-Prozess fräigesprach ginn.