Esou kéint een de Bazar International leschte Weekend an der LuxExpo The Box resuméieren. Nodeems d’Event d’lescht Joer eng Corona-Zwangspaus huet misse maachen, konnt ee vun e Freideg bis e Sonndeg nees eng kulinaresch a kulturell Weltrees maachen. A mat de Suen, déi um internationale Bazar erakommen, ginn all Joers verschidde karitativ Organisatiounen ënnerstëtzt. Virun allem Kanner a Frae sollen eng besser Educatioun, méi Sécherheet an eng besser medezinesch Hëllef gebuede kréien.

Op deene méi ewéi 70 Stänn proposéiere Leit aus 60 verschiddene Länner lokal Produiten a virun allem gëtt et z’iessen.
Och d’Grande-Duchesse, zesumme mat der Ierfgroussherzoglecher Koppel an dem Prënz Charles hate sech e Samschdeg de Mëtten ënnert d’Visiteure gemëscht. Organiséiert gëtt dat Ganzt vun der Associatioun vum Bazar International ënnert dem Patronage vun der Groussherzogin Maria Teresa.