D'Visibilitéit vun de Polizisten am Garer Quartier zitt aner Problemer mat sech

D'SNPGL reprochéiert dem Henri Kox e Manktem u politeschem Wëllen. Wat Sécherheet op der Stater Gare ugeet, géif hien nëmmen hallef Saache maachen.
D’Stater Gare an d'Ausbildung vun de Fonctionnaire Stagiairen an der Policeschoul waren e Méindeg den Owend e puer vun de Sujeten op der Generalversammlung vun der Policegewerkschaft SNPGL. De President vun der Gewerkschaft, de Pascal Riquier, huet kee gutt Hoer um Policeminister Henri Kox gelooss a betount, datt dësen andauernd just géif hallef Saache maachen, an dat well et him géing u politeschem Courage feelen.
Um Garer Quartier ass eng Situatioun déi ville Leit Kappzerbrieches mécht. De Policeminister wéilt d’Wieler berouegen, mee net ze vill maachen, huet et op der Generalversammlung geheescht. D’Presenz an d’Visibilitéit vun de Polizisten op der Gare huet sech zwar deelweis verbessert, mee zu wei engem Präis, freet de President vun der SNPGL de Pascal Ricquier.
Pascal Ricquier: De Minister huet an der Press erkläert, hi géif en hallwe Platzverweis bréngen. Mir hunn dem Minister awer gesot, wann een eppes wéilt maachen, da misst et och eppes sinn, wat och eppes bréngt. Hallef Saache weise kloer: Ech wëll, mee ech kann net. Dat Gepiddels, wat de Policeminister déi lescht Zäit an der Ëffentlechkeet opféiert, bréngt absolut näischt. Mat sengem hallwe Platzverweis si just déi Polizisten domadder gehäit, a soss keen.
Fir dem Manktem u Polizisten elo Meeschter ze ginn hätt ee Beamte vum Gefaangenentransport ofgezunn. Wat awer definitiv net déi richteg Léisung wier, well si mat zousätzlecher Aarbecht um Terrain vun der Stater Gare géinge reegelrecht futti gemaach ginn.
Pascal Ricquier: Vun 8 Stonne musse si minimum 6 Stonnen dobaussen um Terrain sinn, op enger Plaz stoen, dass se gutt gesi ginn vun de Bierger. Oder si musse ronderëm trëppelen, sou wéi virdrun d'privat Sécherheetsfirma, ouni datt Policeaarbecht gemaach däerf ginn.
A well dann déi Leit beim Gefaangenentransport feelen, géife Beamten aus de lokale Kommissariater ofgezu ginn, fir se ze ersetzen. Konsequenz dovun: Lokal Kommissariater missten zou bleiwen.
Ouni massiv Iwwerstonne wier de Problem iwwerhaapt net ze léisen. Lo soll jo bei der Police iwwer di nächst Jore massiv rekrutéiert ginn. Am zweete Joer ginn di nei Fonctionaire Stagiairen dann an d’Unitéite geschéckt, wou si vu Polizisten encadréiert ginn, wéi den SNPGL Vizepresident de Marco Richard betount. Marco Richard: Géif dat nämlech net esou gemaach ginn, an et misst an der Policeschoul opgeschafft ginn, wat eiser Meenung no méi logesch wär, da géif d'Schoul kollabéieren. Dat wären dann net 200 mä 400 Fonctionnaire Stagiairen, déi eng am éischte Joer, an déi aner am 2. Joer. Also ass dat guer net méiglech. D'Schoul ass vun Ufank un ze kleng fir schonn 200 Fonctionnaire Stagiairen. De Centre National Tactique Policière ass nach ëmmer um Verluerekascht an en huet keng adequat Raimlechkeeten.
Op där enger Säit géingen Dausenden Euro ausgi ginn, fir Recrutementskampagne mat Plakater, op där anerer géing awer den Dialog mat de Gewerkschafte refuséiert ginn, fir och deenen déi do sinn de Beruff méi attraktiv ze maachen.
De Policeminister Henri Kox wier mam Rekrutement permanent am gaange sech selwer op d'Schëller ze klappen, sot de President vun der Policegewerkschaft. Dobäi géing hie just de Suivi maache vun deem wat de fréiere Minister Etienne Schneider ugefaangen hat, well ee keen anere Choix hätt, schliisslech géingen 1.100 Poliziste feelen. Och awer fir déi di do wären missten d'Konditiounen verbessert ginn, soudatt et méi fair géing zougoen.
Pascal Ricquier: Elo ass et un der Zäit dass eis Memberen, déi en Ofschloss hunn, a virun der Reform an d'Police koumen, endlech hiren Diplom unerkannt kréien. Virun 2018 gouf et keng Karriär an der Police fir Leit mat engem Ofschloss. Persounen déi onbedéngt bei d'Police wollten, hunn sech missten an der Carrière inférieure astufe loossen, well et keng B1 gouf. Haut gëtt et eng Karriär B1, an all déi Leit déi en Ofschloss hunn, kommen iwwert dee Wee direkt an de B1 a verdénge méi Geld wéi eis Memberen, déi scho Joerzéngten an der Police sinn, an dee selwechten Diplom hunn.
Wou ass do d'Gerechtegkeet freet hien. D'Politik wier gefuerdert, fir endlech där Ongerechtegkeet en Enn ze maachen.