Bannent engem Joer huet sech schonn esou munches ronderëm déi zwee Séien zu Wäiswampech gedoen.

Vu wäitem erkennt een e grousse Kran an e risege Komplex ass aus dem Buedem erausgewuess.

Am Summer 2023 soll hei op dëser Plaz e 4-Stären-Hotelkomplex seng Dieren opmaachen. Do dernieft gëtt et e Wellnessberäich a Sportaktivitéite si méiglech.

Aus 4 Stäck besteet spéider den Hotel. All Zëmmer huet e Balcon oder eng Terrass. An aus all Zëmmer huet ee spéider Vue op de Séi. Vun dësem ambitiéise Projet soll d'ganzt Éislek profitéiere kënnen. E riicht sech u sech un d'Groussregioun. D'Attraktivitéit vum Norde soll op des Manéier gehuewe ginn.

Aktuell schaffen eng 30 Aarbechter um Schantjen zu Wäiswampech. Wärend deem Joer, wou hei geschafft gëtt, wär ee gutt virukomm.

An 18 Méint soll den neien Hotel- a Sportkomplex zu Wäiswampech fäerdeg sinn.