Dës Woch dréint sech an der Chamber alles ëm de Staatsbudget fir d'nächst Joer.

Den Dënschdeg de Mëtteg war den Optakt mat der Budgetsried vum Rapporter Dan Biancalana, dee seng Prioritéite fir de Budget definéiert huet an dat mat engem besonneschen Akzent op d'Sécherheet. Domadder sinn ënner anerem d'Sécherheet am ëffentleche Raum gemengt, de Logement, d'Drogeproblematik, d'Inegalitéiten, d'Diskriminatioun an déi mental Gesondheet vu Jonken.

Allgemeng war et de Constat, dass de Grand-Duché, besonnesch am direkte Verglach mam Ausland, bis ewell gutt duerch d'Pandemie komm ass. De PIB wier 2020 zwar ëm 1,8 Prozent zeréckgaangen, ma an der Eurozon wier de Réckgang an der Moyenne bei 6,5 Prozent. Och den Aarbechtsmarché hätt nach eng Croissance vu bal 2 Prozent opweises, am Ausland ass den Taux réckleefeg.

"Den 31. Oktober hu mir effektiv en Iwwerschoss vu 96 Milliounen Euro am Zentralstaat gehat. Och wann een net duerf ze séier vun dësem Etat des lieux op dat ganzt Budgetsjoer extrapoléieren, sou freet et mech awer als Budgetsrapporter, [...] dass d'Recetten ëm bal 17% méi héich leien, wéi zur nämmlechter Zäit d'lescht Joer. [...] Dës erfreelech Dynamik erkläert sech zu engem substanziellen Deel aus den Impôts sur la production an innerhalb vun dëser Kategorie aus der Perceptioun vun der TVA."

Den 31. Oktober hat den Zentralstaat donieft een Iwwerschoss vu 96 Milliounen Euro – de gréissten Deel dovunner aus de Steieren, déi op d'Produktioun erhuewe ginn. Och bei de Gemenge soll sech déi finanziell Situatioun an Zukunft däitlech entspanen. An der Moyenne sollen d'Gemengen tëscht 2022 an 2025 all Joer een Iwwerschoss vun 249 Milliounen Euro hunn. Déi 4 Joer virun der Pandemie waren et ronn 190 Milliounen Euro.

D'Investissementer ginn iwwerdeems weiderhin héichgehalen a klammen esouguer an der Moyenne ëm 7,9 Prozent d'Joer. Op d'Period 2022-2025 belafe sech déi direkt an indirekt Investissementer am Zentralstaat op 13,9 Milliarden Euro. De Budget 2022 géing konsequent an de Mënsch investéieren an den Akzent op eng solidaresch Gesellschaft setzen, sou de Rapporter Dan Biancalana.

Den Dan Biancalana

"D'Participatioun um Finanzement vun eiser Pensiounskeess geet ëm 164 Milliounen Euro erop. De Fond national de solidarité gëtt mat 367 Milliounen Euro alimentéiert, wouvun 196 Milliounen Euro fir de Finanzement vum Revis reservéiert sinn. [...]Fir d'Allocation de vie chère si ronn 54 Millioune virgesinn. Fir d'Participatioun vum Staat un de Fraise vun de Services conventionnés en faveur vu Persoune mat engem Handicap sinn 2022 96,9 Milliounen Euro virgesinn. [...] D'Zukunftskeess fir d'Kanner huet hirersäits eng Alimentatioun vu ronn 1,3 Milliarden Euro. Hei wier drun ze erënneren, dass mir jo d'Kannergeld réckwierkend op Oktober 2021 re-indexéiert hunn."

Awer och d'Zukunft gëtt preparéiert.

"Fir den Ausbau vun den autoroutes des données – e wichtegt Element bei der Ëmsetzung vun der 5G-Strategie – gi mir 2022 eng 9 Milliounen Euro aus. Déi finanziell Moyene vun der "Commission nationale pour la protection des données" (CNPD) wäerten ëm 10% klammen op insgesamt ronn 8 Milliounen Euro. Si spillt eng essentiell Roll, fir d'Vertraue vun de Bierger an eis Institutiounen ze stäerken. Fir Entreprisen, déi elektresch Bornen installéieren, sinn Hëllefen an Héicht vun 10 Milliounen Euro virgesinn. Fir 2022 eleng si staatlech Investissementer fir den Tram, notamment den Ausbau Richtung Cloche d'Or a Findel, an Héicht vun 48 Milliounen Euro agesat."

Och am Ëmweltberäich géing investéiert ginn: an zwar 1,8 Milliarden Euro an den "Plan Energie Climat" an och 17,8 Milliounen Euro an d'Installatioun vu Wandmillen uechter d'Land, sou de Rapporter Dan Biancalana.

Eenzege B-mol ass d'Situatioun am Secteur vun der Sécurité sociale. 2022 louch den Iwwerschoss do bei 1,2% vum PIB. Dësen Iwwerschoss wäert 2025 nach bei 0,9% leien. Dat läit awer net just um Impakt vun der Covid-Pandemie, ma och dorunner, dass d'Cotisatiounen am Emploi net méi déi nämmlecht si wéi de Grand-Duché dat historesch gewinnt ass an och d'Zuel vun den Beneficiairen ass däitlech geklommen. Fir d'Zukunft misst een dofir garantéieren, dass eis Sozialsystemer méi viabel opgestallt sinn, sou den LSAP-Deputé-Maire Dan Biancalana.

"Déi Tendenz, déi ech grad beschriwwen hunn, léisst sech in fine och zeréckféieren op d'Tatsaach, dass d'Dynamik bei de Cotisatiounen, also beim Emploi, net méi déi nämmlecht ass, wéi mir se zu Lëtzebuerg historesch gewinnt waren. Do dernieft ass et natierlech eng Evidenz, dass déi demographesch Entwécklung bei den Depensë vun der Pensiounskeess eng eminent wichteg Roll spillt. [...] Mir behalen awer weider zu Lëtzebuerg am Verglach zu den aneren europäeschen Länner en Alleinstellungsmerkmal: och ouni Wuesstem kënnen d'Pensioune wärend ronn 5 Joer ouni Problem ausbezuelt ginn."

E Mëttwoch ass et iwwerdeems um Finanzminister Pierre Gramegna, fir Explikatiounen zum Budget ze ginn an da reagéiert och d'Oppositioun an der Chamber op de Budgetsprojet 2022.