Fir déi bescht Léisungen ze fannen, musse Privatbëschbesëtzer, Naturschützer an awer och d’Jeeër zesummefannen. Um drëtte Bësch- a Juegddësch ënnert der Leedung vum Ëmweltministère goufen eng Partie Kompromësser fonnt.
Et hätt een e gutt Juegdgesetz, wat och géing funktionéieren, mee et misste punktuell Upassunge gemaach ginn, seet de Marc Reiter, Vizepresident vun der Jeeërfederatioun FSHCL. Doduerch géing d’Juegd an Zukunft méi effikass ginn. Duerch déi geplangten Upassunge soll zum Beispill den Accès zum Bësch, wa Juegd ass, fir Spadséiergänger gespaart ginn an d’Vitesslimitatiounen ëm d’Gebitt gereegelt. Eng Juegd soll doriwwer eraus besser ënnert de verschiddenen Acteure gereegelt ginn. “Datt déi Gremien esou organiséiert sinn, datt jidderee matenee schwätzt, an net een iwwert deen aneren”, betount de Marc Reiter. Weider Ännerunge géingen dann d’Upassunge vun den Ofschosspläng concernéieren.
D’Jeeër an d’Naturschützer soen, dass eng wichteg Neierung e Monitoring vun der Bëschverjéngung wier. Dofir soll d’Naturverwaltung zousätzlech Moyene kréien, fir Problemzonen ze lokaliséieren an ze reagéieren. “Mer mussen ophalen, no baussen z’erzielen, mir hätten ze vill Wëld an eise Bëscher. An ze soen, mir mussen nach vill, vill méi schéissen. Nee, mir mussen do schéissen, wou et geziilt e Problem gëtt”, erkläert de Marc Reiter. Problemer bei Baueren duerch Wëldschied si senger Meenung no punktuell Problemer. Hei kéint zum Beispill de Punkt vun der Nuetsjuegd hëllefen, déi soll autoriséiert ginn.
De President vun der Fondatioun Hëllef fir d’Natur gesäit dat awer net ganz esou. “Et ass net esou, datt nëmmen op e puer Plazen e Problem ass. Mir hu praktesch iwwerall e Problem. Dat ass awer guer näischt Anormales, well et ass europawäit e Problem. Et sinn net eis Lëtzebuerger Jeeër, déi elo besonnesch e Problem sinn”, betount de Patrick Losch. Duerch de Klimawandel géinge méi Beem futti goen an awer och méi Wëld de Wanter iwwerliewen, wat den Usaz vun den neie Beem frësst. “Awer d’Gewunnechte vun de Jeeër, déi sinn nach ëmmer déi selwecht. Déi hu sech nach net un déi nei Situatioun ugepasst”, mengt de Patrick Losch.
Eens wier ee sech awer och ginn, dass ee fir d’Verjéngung vun de Bëscher e Mëschbësch brauch. An, dass een eigentlech keng Gatter, fir jonk Beem virum Wëld ze schützen, méi wéilt. “Weder d’Jeeër wëlle Gatter, nach wëlle mir se. Wa mer e komplett gesonde Bësch wëllen, da brauche mer e maximal bio-diverse Bësch. An zu där maximaler Biodiversitéit gehéiert eeben d’Naturverjéngung an net d’Uplanze vun eenzele Beemercher”, ënnersträicht de President vun der Fondatioun Hëllef fir d’Natur. Et misst eng begleet Vegetatioun ginn, fir de Buedem ze stabiliséieren. Gatter sollen deemno eng Iwwergangsléisung sinn. De Marc Reiter gesäit groussflächeg Gatter awer net als déi richteg Léisung un.
Bis de Summer sollen an Aarbechtsgruppen déi eenzel Punkten, déi d’Gesetzer concernéieren ausgeschafft ginn. Bis spéitstens am Hierscht wëllt een den Text dann op den Instanzewee schécken.
Weider Ännerungen, déi solle komme sinn, dass Bëschproprietäre solle fir Wëldschied entschiedegt ginn, ënnert der Konditioun, dass d’Jeeër hir Ofschosspläng respektéiert hunn. Doriwwer eraus sollen d’Ködermoossname méi labber gemaach ginn, d’Juegdverbänn gestäerkt an de System vun de Juegdparzelle reforméiert.