Institute for Advanced Studies Uni reagéiert nodréiglech op Virwërf vun Interessekonflikter an Intransparenz

Michèle Sinner
De Pressebüro vun der Uni reagéiert no der Publikatioun vun engem Artikel iwwert Intransparenz an Interessekonflikter beim Institute for Advanced Studies (IAS) e Freiden.
De Pressebüro vun der Uni reagéiert no der Publikatioun vun engem Artikel iwwert Intransparenz an Interessekonflikter beim Institute for Advanced Studies (IAS) e Freiden.
© RTL-Archivbild

Am Artikel goung et ëm d’Verdeelung vun den Audacity-Fuerschungsgelder d’lescht Joer. Den Institut vun der Uni huet 2025 enger Kandidatin Fuerschungsgelder fir hire Projet ginn, déi selwer am Jury fir d’Verdeelung vun den Audacity-Fuerschungsgelder souz. RTL hat Informatiounen, datt d’Fuerscherin Emma Schymanski als Member vum Conseil Scientifique vum IAS – dat ass de Jury – d’Projete vun hire Konkurrente mat evaluéiert a bewäert huet. RTL hat ausserdeem drop higewisen, datt d’Emma Schymanski nach am Conseil Scientifique ass, obschonns si hirem eegenen CV no scho vun 2020 bis 2022 ee Mandat do absolvéiert huet. D’Reegele vum IAS soen awer, datt esou e Mandat Maximum zwee Joer geet a net renouvelabel ass. Weder d’Fuerscherin selwer, nach de Pressebüro vun der Uni wollten d’lescht Woch op d’Froe vun RTL äntweren.

Doriwwer hat RTL informéiert. D‘Uni kënnt dann elo schlussendlech awer op den Dossier zeréck a reagéiert deelweis op ons Froen. De Pressebüro schreift:

“Dear Mrs Sinner,

We read your story about IAS funds being rewarded to Prof. Schymanski last Friday and would like to provide some additional information after our initial response. The conclusions you draw in your piece are wrong, as they are based on several factual inaccuracies in your reporting. We ask that you urgently correct these points.

In your introduction, you say “Kandidatin Fuerschungsgelder fir hire Projet ginn, déi selwer am Jury fir d’Verdeelung souz”. This is incorrect. Prof. Schymanski was part of the jury, but recused herself every time her own project came up, nor did she have any knowledge of the discussions that led to the selection of her project. This needs correction.”

D’Duerstellung vun RTL war richteg, brauch also net korrigéiert ze ginn: D’Emma Schymanski souz am Jury, deen d’Projeten en vue vun der Verdeelung vun de Gelder bewäert a klasséiert huet. Si hat selwer eng Demande fir Audacity-Fuerschungsgelder gemaach an huet se kritt.

RTL hat och net geschriwwen, datt d’Emma Schymanski hiren eegene Projet mat evaluéiert hätt. Dës war justement eng vu ville Froen, déi RTL am Virfeld vun der Publicatioun un d’Emma Schymanski an de Pressebüro geschéckt hat. Allebéid hunn et awer ofgeleent, dës Froen ze beäntwerten. Genee esou stoung et och am Artikel. Mat de nodréiglechen Explikatioune vum Pressebüro konforméiert d’Uni awer selwer, datt d’Emma Schymanski also dobäi war, wa Konkurrenzprojeten beschwat a bewäert goufen.

De Pressebüro vun der Uni schreift weider:

“In paragraph six, you quote our Code of Conduct, saying: ‘Members of the University’s bodies and committees shall refrain from taking part in any discussion or decision concerning matters where there is a conflict of interest on their part.’ This is an incomplete quote of section 2.1.5. The sentence that follows the one you quote is: ‘They should leave the meeting while the issue is being considered and should in no way look to influence discussions or decisions on such issues.’ Prof Schymanski followed these instructions to the letter, as did everybody else involved.”

Dobäi zitéiert de Pressebüro vun der Uni eng al Versioun vum Code de Conduite, déi net méi en vigueur ass. An der aktueller Versioun vum Juli 2025, gëtt et kee Punkt 2.1.5 méi. Am neie Code heescht et ënner Punkt 2.1: “Members of bodies and committees of the University Members of the University’s bodies and committees shall refrain from taking part in any discussion or decision concerning matters where there is a conflict of interest on their part.”

Den Niewesaz, deen d’Uni an hirem Schreiwen un RTL vermësst, beseet an der aktueller Versioun: “This obligation applies in particular when the persons concerned exercise several roles, the combined exercise of which necessarily leads to a situation of conflict of interest, for example, when a person involved in a research project is also a member of the body supposed to evaluate the results of that research.”

Dee Saz ännert deemno näischt um Constat: d’Emma Schymanski war am Raum, wéi d’Projeten, déi mat hirem ëm Fuerschungsgelder konkurréiert hunn, beschwat goufen a si huet sech am Jury un der Evaluatioun dovn bedeelegt. RTL hat virun der Publikatioun bei der Emma Schymanski a beim Pressebüro vun der Uni nogefrot, ob si an dëser Situatioun eng Violatioun vum Code de Conduite géife gesinn. Dës Fro gouf, wéi all déi aner, net beäntwert.

De Pressebüro vun der Uni schreift dann och nach: “In the two paragraphs about governance of the IAS, which you can find online, your account of the procedures is incorrect. In contrast to what you suggest, Prof Schymanski has always acted exactly in line with these procedures. Both of the above mentioned elements should be reflected in the story.”

Fir dës Behaaptung, datt RTL falsch loung an d’Emma Schymanski sech ëmmer exakt un d’Prozedure gehalen hätt, liwwert de Pressebüro awer keng weider Argumenter oder Preuven. E verweist och net op aner Prozeduren, wéi déi, op déi sech RTL beruff huet.

D’Prozedure vum IAS soen an der Partie 3.4 kloer an däitlech, datt d’Mandat vun den Uni-interne Membere vum Conseil Scientifique op zwee Joer limitéiert an net erneierbar ass: “Members of the College of IAS fellows who are UL-staff are eligible for nomination as elected representatives of the College of IAS Fellows in the Scientific Council. The mandate of member of the scientific council can exceed the duration of their Audacity project, but is limited to two (2) years, not renewable.”

D’Emma Schymanski schreift op hirem eegenen CV, datt si vu September 2020 bis September 2022 Member am Conseil Scientifique vum IAS war.

© Screenshot via ORCID

Deemno hätt d’Emma Schymanski net méi dierfen no 2022 am Conseil Scientifique siegéieren.

Fir dës Kontradiktioun bitt de Pressebüro vun der Uni am Mail keng Erklärung. Ma e schreift weider:

“The headline of your story says: “Intransparenz an Interessekonflikt bei Verdeelung vu Fuerschungsgelder.” Firstly, yes, there was a conflict of interest, as is often the case in academic procedures. Most are harmless administrative oversights, but we nevertheless have strict procedures to deal with them. In this case, the conflict of interest was recognised from the start of the procedure, and University staff dealt with it adequately. Rather than framing this as a negative, it shows our procedures work.

Finally, I’m wondering what makes you say that the process was intransparent? It was painstakingly recorded in our files, which allows us to say with confidence that the way the funds were granted to Prof Schymanski was entirely above water.”

RTL deelt déi Aschätzung net. Wann d’Prozedure géife befollegt ginn a funktionéieren, wier d’Emma Schymanski net méi Member am Conseil Scientifique wann si, wéi si et selwer schreift, scho vun 2020 bis 2022 war. RTL deelt och d’Aschätzung net, datt hiren Interessekonflikt entschäerft gouf - och wann si aus dem Sall goung, wann hir eegen Demande analyséiert gouf. Si huet hir direkt Konkurrente fir d’Fuerschungsgelder matbewäert, also un Diskussiounen an Decisiounen deelgeholl, bei deenen et e finanziellen Interêt gouf. Hir Konkurrente ware net am Jury, hunn also der Emma Schymanski hire Projet net bewäert an d’Fuerschungsgelder si limitéiert. Aus all deenen Ëmstänn zitt RTL d’Conclusioun, datt d’Situatioun ëm d’Verdeelung vun de Fuerschungsgelder net transparent ass.

Finalement schreift de Pressebüro vun der Uni:

“You spell Prof. Schymanski’s name wrong in paragraph 8: “Emma Schminansky”. As a public institution, the University endeavours to provide a great degree of transparency to the general public, and recognises the crucial role of the media in that conversation. In return, we expect the highest professional standards from journalists we engage with. I trust that you will take the above points in serious consideration.”

RTL huet doropshi selbstverständlech den Tippfeeler am Numm vun der Emma Schymanski schnellstméiglech korrigéiert.

Aner Froen, déi RTL der Emma Schymanski an der Uni gestallt hat, bleiwe bis haut net beäntwert, an zwar:

Ob d’Emma Schymanski en Interessekonflikt bei der Verdeelung vun den Audacity Fuerschungsgelder 2025 hat. Wéi den Interessekonflikt als Demandeur vun de Fuerschungsgelder engersäits an als Member vum Decisiounsgremium anerersäits geléist gouf. Bei wéi engen Etappe vun der Evaluatioun si bei hirem eegene Projet a bei deenen anere Projeten deelgeholl huet. Wéi vill Fuerschungsgelder hire Projet allouéiert krut. Wéi vill Projete mat hirem a Competitioun waren, an ob si der Meenung ass, datt hir Demande fir Fuerschungsgelder vun enger Institutioun ze kréien, an där hirem Decisiounsgremium si sëtzt, géint de Code de Conduite vun der Uni verstéisst.

Back to Top
CIM LOGO