De Mëttwoch de Moien huet de Pierre Gramegna seng lescht Budgetsried an der Chamber gehalen. D'Reaktiounen hunn net laang op sech waarde gelooss.

Reaktioun vun der CSV

"Eng verpasste Finanzpolitik, méi Schäin wéi Substanz, e Budget vum politesche Stëllstand, eng reng finanztechnesch Flichtübung an eng Diskrepanz tëscht Usproch a Realitéit", sou huet d'gréisst Oppositiounspartei op d'Ried vum Finanzminister Gramegna reagéiert a vun engem Budget vun den eidele Verspriechen geschwat.

De Co-Fraktiounschef Gilles Roth huet ënnert anerem op d'Leit opmierksam gemaach, déi eleng hir Kanner mussen erzéien, a wouvunner all Drëtten d'finanziell Enner all Mount net beienee kritt.

Inakzeptabel wier, datt Walversprieche gebrach gi wieren an zum Beispill d'Steiertabell net inflatiounsberengegt gi wier an och den Agangs-Steiersaz net eropgesat gi wier. Och Entlaaschtunge vun der Mëttelschicht géifen am Budgetsprojet absolut net virkommen.

De Gilles Roth (1)

D'sozial Kohesioun am Land wier duerch d'Budgets- a Finanzpolitik vun der Regierung a Fro gestallt, sou de Gilles Roth, duerfir freet d'CSV ënnert anerem, datt de Steier-Agangs-Montant eropgesat gëtt an datt d'Steierbelaaschtung an der Klass 1A vun zum Beispill de Mono-Parentauxe massiv entlaascht gëtt.

D'CSV géif zu engem quantitative Wuesstem stoen, mee duerfir misst an e qualitatiivt Wuelbefanne vun de Leit investéiert ginn.

Och e Wee aus der aktueller Kris eraus, gesäit de Gilles Roth net.

De Gilles Roth (2)

A Punkto Logement schwätzt d'CSV vu puerer Ukënnegungspolitik, wou all Efforte géifen an engem blo-rout-grénge Verwaltungsdschungel stieche bleiwen. Konkret Propose vun der Oppositiounspartei sinn d'Zoumaache vu Baulücken, d'punktuellt Opmaache vun de Perimeteren, méi héich an dicht bauen, manner Bürokratie, d'Plus-valuë bei Ventë méi héich besteieren an d'Spekulatioun duerch eng nei Steier ënnerbannen.

D'Klimakris wëll d'CSV mat manner Verbueter an Ideologie ugoen an och net mam béise moralesche Fanger. D'Partei steet hannert den ambitiéise Klimaziler, déi jo eng Reduktioun vu 55% vun den Zäregas-Emissioune bis 2030 par Rapport zu 2005 virgesäit.

Propose sinn, de Stroumpräis attraktiv ze halen, d'Produktiounen an de Firme méi ze elektrifizéieren an eng Zort "Loi Rau" mat Steiervirdeeler fir Investissementer an nohalteg Fongen a Projeten.

D'CSV plädéiert fir en MEI an der Digitalisatioun, dat heescht, datt de Glasfaser-Reseau misst permanent verbessert ginn a méi Digitales misst an der Fuerschung an dem Handwierk zum Droe kommen: perfekt Beispiller wiere Länner wéi Estland, Dänemark a Schweden.

No alle Kritikpunkte vum Gilles Roth ass et kloer: d'CSV stëmmt de Budgetsprojet 2022 net mat.

Reaktioun vun déi Lénk

Genee wéi d'CSV hunn och déi Lénk de Budget als ee vum politesche Stëllstand bezeechent: eng sozial Kris, eng Wunnengs- an eng Ëmweltkris wieren net ze niéieren. Dësen Erausfuerderunge wéisst de Budget näischt entgéintzesetzen. Och datt den Aarmutsrisiko bei 17% probéiert gëtt ze stabiliséieren, wier net z'acceptéieren, sou d'Nathalie Oberweis de Mëttwoch de Mëtteg an hirer Interventioun.

D'Nathalie Oberweis

D'Reaktioun vun der Regierung op déi sozial ugespaant Situatioun géif sech op eenzel Mesurë limitéieren, et wiere punktuell Schëss aus der Hëft.

Gefuerdert gëtt e Plang, fir d'Lutte géint d'Aarmut an Ugrëff ze huelen, wéi en och d'Chambre des Salariés gefrot huet.

Datt sech net konnt op eng Steierreform gëeenegt ginn, ass fir déi Lénk e "Versäumnis" - d'Loft wier aus der Koalitioun eraus.

D'Pandemie wier allemol kee Grond an nëmmen eng bëlleg Ursaach, fir net un der Reform weiderzeschaffen, déi duerchaus kéint Akommes-neutral konzipéiert ginn.

D'CO2-Steier gesinn déi Lénk als kontraproduktiv un, well se keng Lenkwierkung hätt. Den Eescht vun der Klimakris géif d'Regierung an dësem Budgetsprojet allemol net wouerhuelen.

D'Militärdepensë bezeechnen déi Lénk als "onsäglech": se géifen d'nächst Joer wuel 450 Milliounen depasséieren - dat duebelt wéi nach viru 7 Joer.

Am Santés-Domaine gesinn déi Lénk e ganze Koup falsch Entwécklungen: kapitalistesch Acteuren hätten d'Gesondheet als rengt Profit-Geschäft am Viséier. De Gesondheetsdësch, dee misst vun der Ministesch geleet ginn, géif "de facto" vun der AMMD geleet ginn - eng Associatioun, déi déi Lénk als "ultraliberal" bezeechent.

Den Etat de la Nation vum Staatsminister huet d'Nathalie Oberweis iwwerdeem als "lockere Kommunikatiouns-Exercice mat eidele Floskelen" ëmschriwwen.

Reaktioun vun de Piraten

De Sven Clement huet direkt um Ufank vu senger Ried eng Rei Punkten opgezielt, déi senger Partei an dësem Budgetsprojet gefalen. Zum Beispill wier et positiv, datt an der Pandemie net op d'Sue gekuckt gouf an datt d'Regierung der Populatioun Masken, Schnelltester an Impfungen zur Verfügung gestallt huet. D'Pirate wieren och frou, dass de Budget fir d'Digitalisatioun ëm 50% par rapport zu 2020 klamme soll an dass Renovatiounen an d'Konstruktioun vu Photovoltaik oder Wärmeanlagen iwwert e Bauspuervertrag kënne finanzéiert ginn. Dat eleng geet de Piraten awer net duer fir de Budget matzestëmmen. Bei villen anere Punkte géif et nämlech ëm "Aenwäscherei" goen, ëm eng schéi Fassad, kritiséiert de Sven Clement.

D'Budgetspropos gëtt der Gesellschaft zu Lëtzebuerg net gerecht, dat sot de Sven Clement vun de Piraten um Enn vu senger Ried an der Chamber. Hien ass der Meenung, datt de Courage feelt, fir déi grouss Erausfuerderungen unzegoen an ëmzedenken.

De Sven Clement huet a senger Ried, nieft dem Logement zum Beispill och d'CO2-Steier ugeschwat. Dat wier eng Steier, déi senger Partei net onsympathesch wier, mä hien huet drun erënnert, datt d'Piraten ëmmer fir eng negativ Steier waren. Dat heescht, datt d'Leit belount géifen, wa se ënnert engem gewësse Seuil géife bleiwen. Eng Iddi, bei där de Sven Clement mam Fernand Kartheiser vun der ADR uneneegeroden ass.

De Sven Clement

Reaktioun vun der ADR

A senger Ried zum Budget weist sech den ADR-Deputéierte Fernand Katheiser da besuergt ëm d'Problemer, déi déi forcéiert Wuesstemsspiral hei am Land mat sech géing bréngen. Et missten Diskussioune ronderëm déi laangfristeg Ofsécherung an Organisatioun vun de Pensiouns- a Versécherungssystemer gefouert ginn. Hie fënnt d'Politik dozou an dësem Beräich onverantwortlech, de Wuesstem géing net propper encadréiert ginn, esou de Fernand Kartheiser.

De Fernand Kartheiser (1)

"D'ADR seet kloer, mir packen d'Konsequenze vun där aktueller Politik net, a mir fuerderen déi aner Parteien op, mat eis zesummen en Zukunftsdësch anzeberuffen. Och mat Bedeelegung vun de Sozialpartner. Eng seriö Bedeelegung, net wéi déi lescht Tripartite. Op deem soll d'Zukunft vum Wuesstem a vun de Sozial- a Pensiounssystemer diskutéiert ginn."

D'ADR fuerdert dofir och, datt sollen d'Fanger ewech vum Pensiounsfong gelooss ginn. Ee Problem vun der Wuesstemsspiral wier dann och, datt d'Präisser am Logement direkt betraff wieren. Dofir misst een dës an de Grëff kréien an op nationalem Niveau missten d'Investitiounen an d'Entreprisen nees favoriséiert ginn, datt d'Leit net just géingen an d'Immobilien investéieren. An dëst soll da steierlech op d'mannst genee sou begënschtegt ginn.

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet bei senger Ried zum Budget an der Chamber ënnerstrach, datt d'Scholdelaascht vum Land, mat no bei 30 Prozent gemooss um PIB, fir e klengt Land vill ze héich wier. Et wier d'Resultat vun enger liichtfankeger Budgetspolitik, bei där déi dräi Regierungsparteien ëmmer kritt hätten, wat si wéilten, ouni datt géinge Prioritéite gesat ginn. Wann déi nächst Kris kéim, hätt ee kee finanzielle Spillraum méi. Aus dësem Grond fuerdert d'ADR eng Scholdebrems. Wou ka gespuert ginn, do huet de Fernand Kartheiser da schonns e puer Iddien.

De Fernand Kartheiser (2)

"Bei eis am Land ginn all Joer extrem vill Sue fir d'Klimapolitik ausginn. Déi Gréng haten an der Äntwert op eng Parlamentaresch Fro déi Zuel 1,1 Milliarden an de Raum gestallt. Haut hu mer héieren, an deenen nächste Jore sollen do 2 Milliarden ausgi ginn. Den Detail ass egal, mee mer kommen do an eng Gréisstenuerdung tëscht 5 an 10 Prozent vun den Depensë vum Staatsbudget. Et ass also ganz substantiell an da froe mer eis natierlech, wat mer domadder erreechen."

An der Energieproduktioun géing sou gutt wéi näischt erreecht ginn. Alternativ Energië wieren nämlech onzouverlässeg a missten den Ament duerch fossil oder nuklear Energie doubléiert ginn. Déi enorm Präisexplosioun beim Äerdgas wier eng Konsequenz dovunner. D'Elektromobilitéit géing sou gutt wéi keng Roll spillen an et wier eng Ligen ze behaapten, se wier emissiounsfräi, wann een d'Produktioun géing consideréieren. "D'Klimapolitik, déi mir elo maachen, ass ekologesch sënnlos an ekonomesch selbstmörderesch", seet de Fernand Kartheiser. Et kéint een net aus ekologeschem Fanatismus d'Kompetitivitéit vum Land op d'Spill sëtzen.

Reaktioun vun der DP

"Et gouf déi lescht Jore vill vun der Regierung gemaach fir d'sozial Gerechtegkeet a mir leeën nach no" - dat sot de Mëttwoch de Moien den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum, deen natierlech de Budgetsprojet 2022 vu sengem Parteikolleeg Gramegna gelueft huet.

Absënns géif an d'Betreiung an den Accueil vun de Kanner investéiert ginn, och d'gratis Iessen an de Schoulkantinnen, d'gratis Hausaufgaben-Hëllef an d'Re-Indexéierung vum Kannergeld nom 1. Januar huet de Gilles Baum a senger Ried ervirgestrach. All dës Beispiller géifen d'sozial Oder vun der Regierungspolitik beleeën.

De Gilles Baum

D'Debatt iwwer d'Steierlandschaft a méiglech steierlech Upassungen, déi am Februar wäert am Parlament sinn, huet de Gilles Baum als "Debatt vun de gudden Iddien" bezeechent, mee et misst een de Kuch fir d'éischt baken, éier een e kéint verdeelen.

De Wunnengsbau-Problem géif och ëmmer méi zu engem soziale Probleem ginn, sou den DP-Fraktiounschef, deen d'Gemengen opgefuerdert huet, fir hir Responsabilitéiten ze huelen a Wunnraum ze schafen.

D'Klimakris wier iwwerdeem keen abstrakte Problem, sou de Gilles Baum, dee vun all Eenzelen e Mentalitéitswiessel gefrot huet, fir datt d'Klimaschutzmesuren och acceptéiert ginn. Déi staark Mesuren an Efforten, déi zum Beispill am Transport a Logement néideg sinn, géifen dann och vill Suen déi nächst Jore kaschten.

Och beim Bezuele vun der C02-Steier misst jidderee "matgeholl" ginn - dat wier och duerch d'Abattemente geschitt, sou de Gilles Baum.

Reaktioun vun déi Gréng

An hirer Ried zum Budgetsprojet huet d'gréng Fraktiounspresidentin Josée Lorsché nieft der Klimakris aner Onsécherheetsfacteuren opgezielt, déi Erausfuerderunge fir d'ganz Gesellschaft duerstellen. Dëst wieren zum Beispill d'Wunnengsnout, d'Schéier tëscht Aarm a Räich an d'Probleemer vu mentaler Gesondheet. D'gréng Politikerin ass och op d'Angschtmaachen duerch verschidde politesch Stréimungen agaangen - ouni awer Nimm vu Parteien oder Deputéierten ze nennen.

D'Josée Lorsché (1)

D'Finanzpolitik vun der Dräier-Regierung huet d'Josée Lorsché als "intelligent" bezeechent a Schold ze maachen, wier och per se net schlecht, mee e Mëttel, fir d'Zukunft ze gestalten.

Eng sozial Fro ass fir d'gréng Deputéiert d'Logementskris: sou wiere Locatiounswunnenge keng mannerwäerteg Noutléisung, au contraire. Ofgeschaaft gehéiert deene Gréngen no den amortissement accéléré, dee keen Impakt op d'Wunnengsoffer hat an de Staat eng 50 Milliounen d'Joer kascht.

D'Josée Lorsché (2)

D'Depensen am Budget fir d'Ëmsetze vum Klima- an Energieplang chiffréiert d'Deputéiert Lorsché op iwwer 2 Milliarden am Joer 2025 - et wier dëst e konsequent Engagement fir eng klimaneutral Zukunft.

De Staat huet d'Josée Lorsché als "ëmfaasende Virsuergestaat" bezeechent, dee kee fale léisst, trotz allem misst jiddweree Responsabilitéit fir d'Kollektivitéit iwwerhuelen.

Reaktioun vun der LSAP

Bei de Budgetsdebatten an der Chamber e Mëttwoch huet den LSAP-Deputéierte Georges Engel da gemengt, hie géing elo méi eng faarweg Ried halen, eng rout-blo-gréng, am Géigesaz zu der Schwaarzmolerei, déi aner Leit gemaach hätten. Sou schlecht wéi den CSV-Deputéierte Gilles Roth d'Situatioun vum Land gemaach hätt, wier se nämlech net. De PIB vu Lëtzebuerg wier ëm 1,8 Prozent zréckgaangen, dee vun der Eurozon ëm 6,5. D'Industrie konnt an deene leschte Méint hire Chiffre d'affaires ausbauen, de Konstruktiounssecteur wier zouversiichtlech an och dem Bankesecteur géing et besser. D'Entwécklung um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché wier am Verglach zu anere Länner aussergewéinlech gutt gewiescht an dat wier de Mesurë vun der Regierung ze verdanken, seet de Georges Engel.

De Georges Engel (1)

"Dës aussergewéinlech glécklech Situatioun ass natierlech keen Zoufall, mee d'Resultat vun engem generéisen an effikasse Chômage partiel, dee wärend der Pandemie gräife konnt an deen dem Statec no an der éischter Well vun der Pandemie eng 15.000 Aarbechtsplaze gerett huet."

Déi 180 Milliounen, déi dëst kascht huet, wieren all Frang wäert gewiescht. D'LSAP begréisst, datt d'Regierung net op de Wee vun der Austeritéit gaangen ass. De Rimm elo méi enk wëllen ze zéien, wier net nëmmen dat falscht Signal no baussen, ma géing virun allem riskéieren, eng fragil Reprise ofzewiergen.

47 Prozent vun den Ausgabe vum Budget kéint een ënnert "sozial" schreiwen, sot den LSAP-Deputéierte Georges Engel an der Budgetsdebatt a reagéiert domat op Kriticke vum CSV-Deputéierte Gilles Roth. Als Beispill huet hien d'Hausse vun der Allocation de vie chère genannt an d'Re-Indexéierung vum Kannergeld. "Sozial Ausgaben an de Mënsch déngen net just deem Eenzelen, mee si déngen eiser Gesellschaft als Ganzt", seet de Georges Engel.

De Georges Engel (2)

"Als LSAP ënnerstëtze mir dofir ganz kloer d'Recommandatioun vun eisem Budgetsrapporter, fir d'Barèmë bei der Allocation de vie chère unzepassen, fir dass méi Leit kënnen dovunner profitéieren."

Och wann dann eng Steierreform haut net kéint wéi geplangt duerchgezu ginn, soll iwwer méi Steiergerechtegkeet diskutéiert ginn. Dobäi misst et dann ëm Aarmutsbekämpfung goen, an ëm e méi gerechten Equiliber tëschent der Besteierung vum Kapital an där vun der Aarbecht, souwéi ëm Spekulatiounsbekämpfung um Immobiliëmarché.