Eng entspriechend Motioun vun der LSAP-Deputéierter Claire Delcourt gouf ouni Géigestëmm an der Chamberplénière e Mëttwoch de Mëtteg ugeholl.
Si huet d‘Regierung opgefuerdert, eng komplett Lëscht opzesetzen, mat alle Mëllechproduite fir Bëbeeën, déi zeréckgeruff goufen. Der Claire Delcourt no kann ee sech do bei de Schwäizer eppes ofkucken. Am Géigesaz zum Site vun der Liewensmëttelsécherheet hei am Land wär do eng komplett Lëscht mat vun de concernéierte Produite mat Biller, Seriennummeren an Datumer disponibel.
Zweetens sollt iwwerpréift ginn, ob d‘Applikatioun LU-Alert och fir Liewensmëttel-Warnunge kéint genotzt ginn. Zum Beispill andeems de Konsument de Barcode vun engem Produit och kéint am Supermarché scannen. Eng nei App z‘entwéckelen, ass der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen no net déi bescht Optioun. No Récksprooch mam zoustännegen Inneminister Léon Gloden géifen deem seng Ekippen awer kucken, wat mat der d‘LU-Alert-App fir déi Zwecker méiglech wär.
Méi Deputéierter, an och d‘Claire Delcourt selwer, hu präziséiert, dass zu Lëtzebuerg kee klengt Kand wéinst schlechter Puddermëllech krank gouf.
Liest dozou och nach: