
Hutt dir schonn d’Serie iwwert de Service Logement vun der Stad Lëtzebuerg bei eis gesinn? D’Realisatrice Anne Schiltz weist an aacht Episoden d’Realitéit vun der Wunnengskris zu Lëtzebuerg an huet de Service Logement mat der Kamera begleet.
Am Luca, dem Luxembourg Center for Architecture, goufen e Mëttwoch zwou Episode gewisen, ier op enger Table Ronde diskutéiert gouf an do huet et ënnert anerem geheescht, datt een sech wéinstens hei am Land keng Suergen ëm d’Sue maache muss. Dat sot den Antoine Paccoud. Hien ass Fuerscher beim LISER a mengt mat där Ausso natierlech déi ëffentlech Finanzen. De Staat géif enorm Zommen zu Lëtzebuerg an de Logement investéieren, mä dees wier ee sech net bewosst, well d’Suen net op déi richteg Plaze géife goen.
“D’Suen ënnerstëtzen eigentlech d’Präisexplosioun a beräicheren déi, déi scho räich sinn. Mä et géif duergoen, en Deel vun dëse Suen anescht ze notzen, fir eng wierklech, wierklech substantiell finanziell Muecht ze hunn. An et muss betount ginn, datt d’Regierung an de leschte Joren awer méi an nohalteg Saachen investéiert huet – an den Opkaf vu Terrainen, an den Opkaf vu Wunnengen, fir se als Locatiounen zu bezuelbare Präisser unzebidden. Dat ass positiv. Mä et bleift awer eng enorm Partie vun dësem Investissement am Wunnengsberäich, déi déi falsch Leit viséiert a net wierklech benotzt gëtt, fir de Problem ze léisen, mee éischter fir en Elektorat z’erhalen.”
D’Céline Zimmer ass och Fuerscherin an Architektin. D’Meenung vum Antoine Paccoud deelt si an an hiren Aen leien d’Léisungen och um Dësch. Allerdéngs wier do e kollektiven Effort verlaangt.”Als Resident, mee och als Wieler, soll ee sech soen: OK, mir huelen dëse Problem wierklech eescht, als eppes ganz, ganz Konkretes. D’Kris kann ofgeschwächt ginn, an dofir musse mir elo fir déi Politikerinnen a Politiker stëmmen, déi d’Situatioun wierklech an d’Hand huelen.”
Den Ament gesäit et op alle Fall net direkt no enger Léisung aus. 2024 gouf et iwwer 1.000 Demande beim Service Logement vun der Stad Lëtzebuerg an 52 Wunnengen, déi zougedeelt goufen. D’Missioune vum Service ginn awer doriwwer eraus a fir datt d’Ëffentlechkeet bësse méi iwwert déi Aarbecht gewuer gëtt, huet de Service Logement och decidéiert, beim Projet vun der Anne Schiltz matzemaachen.
Si huet erzielt wéi si bei dëser Serie geschafft huet. “D’Mataarbechter vum Service hunn ech kennegeléiert, ech konnt mir Zäit huelen an eng Woch oder zwou am Service verbréngen, ier den Tournage ugefaangen huet. Mä d’Leit, déi ech sollt filmen, hunn ech net kannt, ech wousst net wien dat wier. Dat war um Tournage eigentlech dee gréissten Deel vu menger Aarbecht: z’erklären, wien ech sinn a wat ech mat dëser Serie am Kapp hat.”
Eppes wat direkt kloer gëtt, wann een d’Episode kuckt ass, datt d’Aarbecht vum Service Logement mat Amenter extrem haart ass an dofir krut d’Anouck Speltz als Responsabel aus dem Service Logement och d’Fro aus dem Publikum gestallt, wéi si an hir Leit et fäerdeg bréngen, fir awer ëmmer motivéiert ze bleiwen.
“Ech muss soen, mir sinn eng ganz gutt Ekipp, mir verstinn eis gutt a mir schwätzen och vill zesummen. Wann een aus dem Terrain zeréckkënnt an et waren e puer schwéier Situatiounen, da schwätze mir doriwwer, mir diskutéieren a probéieren zesummen, Léisungen ze fannen. Ech mengen, do fanne mir och erëm e bëssen d’Motivatioun, fir weiderzemaachen”, seet d’Cheffin aus dem Service Logement vun der Stad Lëtzebuerg.