
De STATEC geet dovun aus, dass d‘KI 90 Prozent vun de Beruffer wäert beaflossen. Eppes méi ewéi d’Hallschent wäert dovu profitéieren. Deenen aner bléie Problemer. Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard wollt sécherstellen, dass d‘Regierung déi Entwécklung um Radar huet, an nofroen, wéi hire Plang ausgesäit. Den Aarbechtsminister Marc Spautz huet verséchert, dass d‘Regierung eng Strategie hätt: ee Pilier wär et, de Leit KI-Skills bäizebréngen.
“Et geet drëms, héich spezialiséiert Leit ze hunn, déi och déi Formatioune kënne leeden. Mir mussen awer och selwer KI-Systemer kënnen entwéckelen, wou mir och d‘Méiglechkeet hunn op eisem Aarbechtsmaart vu KI ze profitéieren. Mir wëllen nei an aner Aarbechtsplaze schafen. Do ka KI eng Hëllef sinn. Dat brauch nei Kompetenzen. Dofir hu mir den ‘Up- and Re-Skilling'-Programm. Et muss all Hiewel a Beweegung gesat ginn, fir dass dat ka reusséieren.”
Grad dofir bedaueren d‘Djuna Bernard awer och de Marc Baum vun déi Lénk, dass just e klengen Upgrade virgeholl gëtt, andeems de Plan de maintien dans l‘emploi eng gesetzlech Basis kritt, awer net méi. De Marc Baum seet et wär just:
“Eng technesch Plooschter. De Projet gesäit d‘Demande vun Informatioune vir an e reegelt de Co-Finanzement vu Formatiounen. Dat geet net duer. Wann eng Entreprise wierklech ekonomesch Problemer huet, da brauche mir net nëmmen e Formulaire. Mir brauchen e staarkt Instrument dat wierklech Aarbechtsplaze schützt. De Konjunkturcomité kann haut just invitéieren, mä dat heescht net onbedéngt och verhandelen, wéi mir grad am Fall vun Amazon gesinn hunn.”
E Betrib, dee Leit wéilt entloossen, misst Gespréicher iwwer e Weiderbeschäftegungsplang féieren. Eng Obligatioun. De fréieren Aarbechtsminister Georges Engel, elo LSAP-Deputéierten, huet erkläert, deemools an der Regierung mat DP an déi gréng wär net méi dra gewiescht. E Schratt an déi richteg Richtung wär dëse Projet de loi allemol. Et gouf mat 58 Jo-Stëmmen an zwou Abstentioune vun déi Lénk ugeholl. 60 mol Jo da fir de Gesetzprojet, deen de Jonken de Wee an d‘Beruffsliewen, oder zeréck dohin, méi einfach maache soll. Bis ewell hätte si alt emol laang op hir Sue gewaart. D‘CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert mat enger Mesure doraus:
“An Zukunft indemniséiert de Staat d’Beneficiairë vun esou Kontrakter direkt. Duerno gëtt de Staat vum concernéierte Betrib rembourséiert. Esou gëtt méi Sécherheet fir déi betraffe Persoune geschaaft.”
Sécherheet hu sougenannt Plattformaarbechter seelen. Dat huet op d’mannst de Georges Engel beklot. D‘Regierung wär amgaang eng EU-Direktiv ëmzesetzen. Wat sinn Independanten, wat falscher? Vu wéini un ass en Job Plattformaarbecht? Wéi vergrault een awer och innovativ Entreprisen net? Alles net esou einfach, huet den Aarbechtsminister Spautz erkläert.
“Ech wëll mat den zwou Säiten, de Patronen an de Gewerkschaften, doriwwer schwätzen. Mir fueren da schéi propper op deem Wee weider. An der Zäit konnt een emol bei den Noperen ofschreiwen. Ma d‘Direktiv ass a kengem vun de 27 EU-Länner ratifizéiert.”
De fréieren Aarbechtsminister Engel kontert:
“Am Tirang am Ministère läit e ganze Projet. Dir kënnt dee ganz gären huelen.”
À voir wéi vill vu senge Wieder de Georges Engel duerno am Marc Spautz sengem Gesetzprojet erëmfanne wäert.
De ganze Reportage kënnt Dir elo och an eisem neie Podcastformat “Nogelauschtert” – wéi den Numm et scho seet – nolauschteren.