D'Oppositiounsparteien hu wéineg Versteesdemech, datt d'Regierung nëmmen e puer Deeg nom Vott vum leschte Covid-Gesetz nees nei Mesuren annoncéiert huet.

Et wier kloer, datt Mesuren néideg wieren, seet de CSV-Deputéierte Claude Wiseler.

De Claude Wiseler

"Wat mir net verstinn, dat ass, wisou déi Moossnamen net schonn du virbereet gi sinn, well mer all Elementer scho woussten a firwat se net op d'mannst schonn als Méiglechkeet schonn ugekënnegt gi sinn, och wa se dann eréischt elo applikabel gi wieren. Well, wat mer elo hunn, ass éischtens e Risk, datt schlecht legislativ Aarbecht geleescht gëtt an zweetens gi mer och deene Leit, déi betraff sinn, ganz ganz wéineg Zäit, fir sech ëmzestellen, andeem mer net schonn "au préalable" eng Rei Saache gesot hunn."

Scho beim Vott vum leschte Covid-Gesetz wier kloer gewiescht, datt d'Omikron-Variant vill méi ustiechend wier wéi déi aner, seet och déi Lénk Deputéiert Nathalie Oberweis. D'grouss Rassemblementer hätten och scho virun enger Woch kënnen ofgesot ginn.

D'Nathalie Oberweis

"Mir fannen dat eigentlech allerhand, datt si elo emol keng Woch duerno mat neien Elementer kommen, woubäi si jo selwer soen "mir wenden de Precautiounsprinzip un", eh bein dat hätte se kënnen d'lescht Woch maachen, se hätten d'lescht Woch dat do kënne virausgesinn, well wéi gesot, et sinn elo net iwwer de Weekend groussaarteg nei Ännerungen dobäikomm an dohier fanne mir dat do wierklech zimmlech allerhand par Rapport zu jiddwerengem, souwuel par Rapport zum Horeca-Secteur, par Rapport zu deenen, déi Baler organiséieren, par Rapport zu der Chamber, par Rapport zu der Ëffentlechkeet, par Rapport zu all Mënsch, alles gëtt op d'Kopp geheit, an et weist eemol méi, wéi si wierklech bastelen am Endeffekt un deene Gesetzer a vun Dag zu Dag reagéieren an net wierklech e bëssen no vir kucken, wéi een et kéint maachen."

Déi Lénk Deputéiert fënnt iwwerdeems d'Spärstonn um 23 Auer owes am Horeca-Beräich "deplacéiert", d'Mesuren, fir an de Restaurant ze goen, wiere jo sou wéi sou schonn esou streng, datt et kee groussen Ënnerscheed wier, ob ee bis 23 Auer oder bis 1 Auer do sëtzt.

Och de Piraten-Deputéierte Sven Clement stellt de Sënn vun dëser Mesure a Fro a fuerdert iwwerdeems, datt d'Organisateure vu groussen Evenementer wéi Studentenassociatiounen entschiedegt ginn.

Et huet een ëmmer méi d‘Impressioun, datt d‘Regierung eng „Navigation à Vue“ mécht a vill improviséiert, bedauert d‘Adr no der Regierungsannonce e Mëttwoch de Moien. Et géif jo keen neien Ament par Rapport zur leschter Woch ginn – d‘Omikron-Variant wier do och schonn an Europa gewiescht. Et wier d‘lëscht Woch vill Aarbecht an e Gesetz gefloss, dat elo esou kuerzfristeg nees adaptéiert muss ginn, regrettéiert den Adr-Deputéierte Fernand Kartheiser. Delaie wieren och ze kuerzfristeg, fir datt eng Chamber an e Staatsrot hir Aarbecht uerdentlech kéinte maachen, virum Vott vum neie Gesetz. D‘Adr bleift dobäi, datt méi a virun allem gratis getest muss ginn. Den Horeca-Secteur wier iwwerdeems nees en Affer.

De Fernand Kartheiser

Den Horesca-Secteur ass dee Secteur, dee mat am meeschte geliwwert huet an dat mat net ëmmer ganz logeschen Dispositiounen. An dat heiten ass nees esou eng Saach – mir kommen op Silvester, dat feiert een normalerweis op Hallefnuecht – elo muss um 11 Auer zougemaach ginn. Eng Rëtsch Leit wäerte warscheinlech elo Reservatiounen ofsoen. Et hätt jo keen Ënnerscheed gemaach, fir bis Hallefnuecht op ze loossen oder fir Silvester eng Exceptioun ze maachen.“

D'Spärstonn um 23 Auer an de Caféen a Restauranten ass net sënnvoll, seet den Horesca-Generalsekretär François Koepp am RTL-Interview. Um 12 Auer zoumaache wier besser, dann hätten d'Leit och manner Tendenz, sech duerno nach bei engem Doheem ze treffen, wou d'Mesurë manner streng sinn. Manner iwwerrascht ass d'Horesca iwwert de Regime 2G+. Et wier ee frou, datt ee wéinstens konnt opbleiwen, sou de François Koepp, vill Betriber hätten Angscht gehat, datt si net méi kéinte schaffen. D'Horesca begréisst iwwerdeems, datt d'Hëllefen elo nees no uewen ugepasst ginn.

"Am Ufank kann ech de Betriber nëmme roden, sech selwer elo mol Tester unzeschafen, fir alleguer déi Betriber, déi scho vill Reservatiounen hunn an net op hir Clientë wëlle verzichten. Et ass jo och ganz kloer, datt den 2G+ just fir Leit gëllt, déi nach net geboostert sinn, datt mer dat och ganz kloer maachen, dat heescht Leit, déi geimpft oder geheelt sinn, awer net geboostert, do zielt dat jo net."

Den Horeca begréisst iwwerdeems, datt d’Hëllefen elo nees no uewen ugepasst ginn.

De Jean-Claude Colbach, Patron vun engem Restaurant mat Disko a Clausen, seet, hie géing verstoen, datt d'Mesurë wichteg sinn, fir datt d'Leit gesond bleiwen. Et wier awer net einfach. Bis datt d'Hëllefe vun der Regierung kommen, géing et sécher daueren, a bis elo hätt hie keng Reserven an nach Scholde vum Ufank vun der Kris.

"Dat do ass elo näischt Neies, mir sinn zanter 5 Woche schonn amgaangen, nëmmen Annulatiounen ze kréie vun all deenen Eventer, de Mount Oktober an och virdrun hunn d'Leit wierklech de Wëlle gehat, fir bei eis ze kommen, alleguer d'Chrëschtfeieren, d'Evenementer vun de Firme ware geplangt, do ware grouss Budgeten och, déi am Fong sollten op eis zoukommen, déi sinn zanter Mëtt November scho verpufft an am Mount Dezember hu mer sou gutt wéi guer näischt realiséiert, dat heescht, mir si wierklech ganz penibel touchéiert. Elo kréie mer nach méi eng aktiv Fermeture - 23h. Wie wëll Silvester iwwerhaapt nach an e Restaurant goen, wann en um 23h heem geschéckt gëtt? Wie wëll Chrëschtdag feieren ënnert deene Mesuren? Ech fannen d'Restauratioun hätt kënnen eng Stonn méi laang schaffe gelooss ginn, dat wier méi intelligent gewiescht."

De Jean-Claude Colbach

Viraussiichtlech vun dësem Weekend u gëtt d'Nuetsliewen zu Lëtzebuerg also nees ageschränkt - um 23 Auer muss zougemaach ginn a fir d'Gäscht, déi nach keen Impfrappel kruten, gëllt 2G+ - also Schnelltest op der Plaz. Studentebaler falen an d'Waasser. Déi concernéiert Acteure verstinn d'Mesurë gréisstendeels, mä et bleift eng gewësse Frustratioun.

Versteesdemech, awer och Frust am Horeca-Secteur

4.500 Leit sollten e Samschdeg op den Zürecher Studentebal goen. D'Organisateuren hate 50.000 Euro investéiert a ware schonn am Gaangen an der Luxexpo opzeriichten, wéi déi nei Mesuren annoncéiert goufen, seet de Pit Reckinger, President vun de Lëtzebuerger Studenten zu Zürech.

"Mir verstinn dat (d'Mesuren) absolut, et ass sënnvoll, mä fir eis hätt den Zäitpunkt net méi schlecht kënne sinn a mir verstinn net wierklech firwat se elo an dëser Woch hir Meenung nach eng Kéier geännert hunn."

Elo géing ee sech och finanziell Hëllef vun der Regierung erwaarden. D'Spärstonn um 23 Auer wier eng Erausfuerderung, seet de Gabriel Boisante, Patron vun enger Rei Etablissementer an der Stad:

"Fir all déi Leit, déi op 2 Servicer schaffe wéi mir, gëtt et elo ganz komplizéiert e richtegen 2. Service ze maachen. Well 23 Auer bleift trotzdeem fréi. Mir musse kucke wéi eis Clienten da reagéieren, mir hu gesinn, dass net onbedéngt vill Resilienz war fir den 2G, mä elo si mer op engem genre 2G+ vun Enn der Woch un, wéi reagéieren eis Clienten, a wéi kréie mer dat och geréiert bei der Dier."