Réckbléck op e schwéiert Joer 2021 a Preparatioune fir 2022
D'Polina Bashlay ass déi aktuell Presidentin vun der ACEL.
Um Campus Belval hate sech iwwer 40 Membere vun de verschiddene Cercle getraff fir d'Versammlung vun der ACEL.
Och op dat d'Joer 2021 hat d'Pandemie vill Afloss op d'Liewen an d'Studéiere vun de jonke Mënschen. Dofir war et fir Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois wichteg, sech fir déi sozioekonomesch Suitte vun der sanitärer Kris anzesetzen. Esou ass et der Associatioun gelongen, datt Leit, déi studéieren, méi fréi geimpft konnte ginn, wa si an hiert d'Studieland zeréckreese wollten oder missten. Donieft kënne Studenten och elo nach e Bong fir e Gratis-PCR-Test kréien, wa si dëse fir hire Studium brauchen.
Dës Saache sinn dem ACEL an Zesummenaarbecht mam Héichschoul- a Gesondheetsministère gelongen.
Weider gouf op der Versammlung awer och op dat nächst Joer gekuckt an am Kader dovunner e neie Virstand gewielt, mat un der Spëtzt der Polina Bashlay als Presidentin an dem Cédric Heintz, Mathis Michels a Yannick Bertrand als Vizepresidenten. Decidéiert gouf dann och, datt de Reel, Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois, dat nächst Joer zu Karlsruhe an Heidelberg soll organiséiert ginn.