Fir de Stefan Braum ass d'Impfflicht dat gëeegent Mëttel aus der Pandemie eraus
An de leschte Wochen hu sech ëmmer méi Experte fir eng Impfflicht géint de Coronavirus ausgeschwat. Dës Woch soll an der Chamber doriwwer debattéiert ginn.
Et bräicht een dës Diskussioun an déi an der breeder Ëffentlechkeet, seet de Professer fir Strofrecht op der Uni Lëtzebuerg, de Stefan Braum, am Interview mam Caroline Mart. Froen, déi si sech stellen, wieren, wa mer eng Impfflicht wéilten, ënnert wéi enge Viraussetzungen a wat déi méiglech Folge fir d’Gesellschaft kéinte sinn.
Mir starten an dat drëtt Joer Corona-Pandemie. Déi momentan Entwécklung a well sou wéineg Leit sech impfe loossen, huet dozou gefouert, datt och de Stefan Braum seng Meenung revidéiert huet, an dat a Richtung fir eng Impfflicht.
De Wäert vun der Fräiheet misst elo an den Diskussiounen nei definéiert ginn. Grad d'Pandemie géing nämlech weisen, datt Fräiheetsverständnes dacks Limitten hätt. "Mir musse Fräiheet als eppes definéieren, wat zesumme muss definéiert ginn. Mat géigesäiteger Unerkennung a Respekt", ënnersträicht de Stefan Braum. Doraus géinge sech dann och Verflichtunge fir d'Gesondheet vum aneren a fir de Gesondheetssystem erginn.
Den Ament bestëmmen 2G- an 3G-Reegelungen den Alldag vun enger ganzer Gesellschaft. D'Kontroll op Reegelen agehale ginn, gëtt an éischter Linn vu privaten Acteuren, wéi zum Beispill Gastronome gemaach. Eng direkt Impfflicht kéint méi Kloerheete schafen an déi néideg Prozedure bidden. Doriwwer eraus géing se déi autonom Entscheedung, ob ee sech wëll impfe loossen oder net, ofhuelen. Fir muncheree kéint dat entlaaschtent sinn, sou de Professer. Anerersäits géing de Rechtsstaat mat enger Impfflicht awer och Verantwortung iwwerhuelen, datt all eenzelen d'Gesondheet vum anere schützt an d'Funktionéiere vum Gesondheetssystem ka garantéiert ginn.
Wichteg wier awer, datt eng Impfflicht de richtege Wee wier, fir laangfristeg aus der Pandemie eraus ze kommen. "Dofir ass d'Impfflicht sécher dat gëeegent Mëttel", seet de Stefan Braum. Se wier noutwendeg, well se déi méi diskret Moossnam ass, am Verglach zu all deenen, déi den Ament a Kraaft si ginn. Dës wieren nämlech all mat ganz graffen Agrëffer an de Grondrechter verbonnen.
Eng Impfflicht géing dozou feieren, datt laangfristeg déi 2G- an 3G-Regimer ersat kéinte ginn. Eng laang Zäit wiere mer nämlech schonn an engem Rechtszoustand, deen ëmmer méi onkloer an ontransparent fir d'Bevëlkerung géing ginn.