
D’Police mellt eng gréisser Kläpperei e Samschdeg de Moie fréi géint 4.45 Auer an der Rue de Bouillon zu Hollerech. Wéi d’Beamte bis op der Plaz waren, konnte se dräi vun de Kläpper nach stoppen. Déi aner dräi ware scho fortgelaf. Wéi sech erausgestallt huet, war eng verbal Ausernanersetzung ausgeufert an dono sinn déi sechs Persounen och kierperlech uneneegeroden. Et gouf eng Enquête opgemaach.
Iwwerhaapt war d’Police op 35 Situatioune geruff ginn, wou Leit uneneegerode waren oder d’Nuetsrou gestéiert gouf. An de meeschte Fäll war d’Saach gekläert, wéi d’Polizisten ukoumen, oder si konnten d’Situatioun berouegen.
Dann hate sech hënt en Taxichauffer an dräi Leit aus engem aneren Auto am Garer Quartier der Stad an den Hoer. Den Taxichauffer huet uginn, verbal menacéiert ginn ze sinn. Et sollt sech rausstellen, datt de Chauffer vum zweeten Auto ze vill gedronk hat. Hie krut de Führerschäin ofgeholl. Net wäit dovun ewech war e Chauffer opgefall, dee mat däitlech ze héijer Vitess ënnerwee war. Och dësen hat ze vill gedronk an huet de Permis misste provisoresch ofginn.
Kuerz no Hallefnuecht hunn d’Beamten e Chauffer an Uecht geholl, dee vill ze séier duerch Dikrech a Gilsdref ënnerwee war. Hie konnt um Enn zu Bettenduerf gestoppt ginn. Den Drogentest war positiv an d’Beamten hunn eng kleng Quantitéit Haschisch beim Chauffer an enger weiderer Persoun, déi am Auto souz, saiséiert. De Chauffer gouf protokolléiert.
An um fréie Samschdeg de Moie krut d’Police zu Esch dann nach e Sträit tëscht engem Mann an enger Fra gemellt, déi sech kannt hunn. De Mann ass an den Auto vun der Fra geklommen, fir fortzerennen. Hie gouf kuerz drop gestoppt. A well den Alkoholtest positiv war, huet och hien säi Permis missen do loossen.