
Et ass eng laangjäreg Fuerderung vun der Jeeërfederatioun. Op der drëtter Editioun vum sougenannte “Bësch- a Juegddësch” ënnert der Leedung vum Ëmweltministère, ass e Freideg ënnert anerem decidéiert ginn, fir d’Juegd an Zukunft och an der Nuecht z’erlaben. Bis et souwäit ass, muss awer fir d’alleréischt nach d’Gesetz geännert ginn. De Vizepresident vun der Jeeërfederatioun hat am Dezember nach bei eis um Radio argumentéiert, d’Juegd an der Nuecht wier besonnesch bei de Wëllschwäin effikass. Dës si jo Déieren, déi nuetsaktiv sinn.
Allgemeng sollen d’Jeeër méi Moyene kréien an d’Juegd valoriséiert ginn, huet et an engem Communiqué geheescht. De Verdeelungsmechanismus vun de Juegdlouse soll reforméiert ginn an d’Roll vun de Juegdsyndikater gestäerkt ginn.