D’Mesurë missten aktuell net ugepasst ginn. Et misst een awer weider virsiichteg sinn, sou d'Corinne Cahen.

Um Donneschdeg gouf et op ville Plazen eng weider Kéier eng symbolesch Gedenkminutt am Gesondheetssecteur. Och d’Personal aus den Alters- a Fleegeheemer huet sech dem Mouvement ugeschloss, fir drop opmierksam ze maachen, datt Impfe wierkt an datt ee sech géif këmmeren.

An alle Strukturen uechtert Land goufe Stand Mëttwochowend 33 Residente positiv getest. Déi meescht wiere geimpft a geboostert an hätte bal alleguer keng oder nëmme wéineg Symptomer, esou d’Familljeministesch Corinne Cahen.

Bei de Logement Encadré an den "Hëllefs"-Reseaue wieren aktuell 65 Persoune positiv getest ginn.

D’Mesurë missten aktuell net ugepasst ginn. Et misst een awer weider virsiichteg sinn. Jiddereen, dee vu baussen an en Alters- oder Fleegeheem kënnt, muss weider e Schnelltest maachen an och Distanz halen a Mask droen, soll ee weider respektéieren.

Op der Rhum liewen 186 Leit an 200 Leit schaffen do. D’Residente wiere quasi all geimpft, beim Personal läit den Taux bei 96 Prozent. Déi gréisste Suerg wier, an de nächste Wochen duerch positiv Fäll net genuch Personal ze hunn, esou de Bernard Braun, Direkter op der Rhum. Insgesamt géif ee sech op méi schwiereg Wochen astellen.

D’Familljeministesch kéint sech eng Impfflicht virstellen. Um Freideg am Regierungsrot ass d’Impfflicht en Thema a Mëtt Januar soll an der Chamber driwwer diskutéiert ginn.

"Ech sinn ëmmer fir d'Solidaritéit an der Gesellschaft.  An ech sinn der Meenung, datt ee solidaresch muss sinn.  An datt mer eis sollen impfen loosse fir ons selwer, fir net e schwéiere Krankheetsverlaf ze hunn. Mä och fir déi Vulnerabel an d'Leit ronderëm ons. An och fir déi Jonk, datt mer d'Liewen vläicht nees kënne méiglech maachen, wéi et virum Virus war."

Datt d'Zuelen am Spidol den Ament net explodéieren, géif hir Hoffnung ginn, datt d'Impfung wierkt.