Wéi een Impakt huet Omikron op d'Spideeler? A wéi ass d'Lag op den Intensivstatiounen? Ënnert anerem doriwwer gouf e Freideg de Point gemaach.

Situatioun an de Spideeler / Rep. Pit Everling

D'Rekordzuelen an d'Omikron-Variant bereede Suergen. An de Spideeler sinn d'Repercussioune bis ewell net ze spieren. D'Situatioun an de Klinicken ass stabel, am Moment kann den normale Betrib quasi assuréiert ginn. Dat war den Tenor an der Villa Louvigny. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet mat Vertrieder vun de Spidolsgruppen de Point gemaach.

Den Dr Christophe Werer, deen am Centre Hospitalier op der Intensivstatioun schafft, huet e Profil gezeechent vun de Patienten, déi op enger Intensivstatioun landen. Si hunn en Alter vu Mëtt 40 bis ugangs 70, déi meescht weise Risikofacteure fir de Covid, wéi Zocker, héije Bluttdrock oder Iwwergewiicht. D'Patiente bleiwen an der Moyenne 1 bis 2 Wochen op der Reanimatioun.

Et géing ee kloer gesinn, datt d'Impfung wierkt, sou den Dokter Werer. Dat, fir eng Covid-Erkrankung an e schwéiere Verlaf ze vermeiden. Bannent de leschten 3 Méint louchen 11 geimpfte Patienten am CHL op der Intensivstatioun, ma d'Statistik misst ee bësse méi am Detail ausenee plécken, sou de Medezinner. Déi allermeescht Leit, déi trotz Impfung an der Reanimatioun landen, hätten aner, schwéier medezinesch Problemer. Zum Beispill Leit, déi wéinst engem Autosaccident op der Intensivstatioun behandelt an do positiv getest ginn, géingen hei an d'Statistik opgeholl ginn, huet den Dr Werer an deem Kontext ervirgehuewen.

Extrait Dr Christophe Werer

Den Dr Marc Berna vun den Hôpitaux Robert Schuman huet op eng grouss Belaaschtung fir d'medezinescht Personal verwisen. D'Vertrieder vum CHL hunn zum Beispill wësse gedoen, datt den Ament 53 Leit vum Personal infizéiert sinn an net kënne schaffen, et waren der awer och alt schonn emol 120.

Déi grouss Inconnue heescht Omikron, et wéisst een elo nach net, wat déi nei Variant fir d'Zuel vun den Hospitalisatiounen a fir d'Krankheetsverleef bedeit, sou d'Experten. Et geet een dovunner aus, datt an 1 bis 2 Woche just nach Omikron-Patienten an d'Klinicken ageliwwert ginn. Bis elo gëtt awer nach kee mat der neier Mutatioun op der Intensivstatioun behandelt, sou d'Dokter Thérèse Staub, Infektiologin am CHL.

D'Mutatioun Omikron mécht entretemps 80% vun den Infektiounen aus, sou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert. D'Altersmoyenne vun de Leit, déi sech mam Coronavirus infizéiert hunn, läit bei 32-33 Joer.

D'Impfcampagne leeft gutt, sou d'Paulette Lenert. Zanterdeem déi nei Mesuren annoncéiert goufen, hätt ee constatéiert, datt sech ëmmer méi Leit géingen impfe loossen, sou nach d'Gesondheetsministesch.