E Phenomen, dat vun der Wëssenschaft nach ëmmer weider erfuerscht gëtt. Eng rezent Etüd huet erausfonnt, datt ëmmerhin 40 Prozent och Méint nom Corona nach liicht bis schwéier Symptomer hunn.
De Samuel Clerc ass 39 Joer al, bestuet, Papp vun zwee Kanner a ganz sportlech. 2019 ass hien d'39-Kilometer-Distanz vum Mëllerdall Trail gelaf, haut packt hie just nach 1 Kilometer. Am Oktober 2020 huet hie sech mam Coronavirus ugestach. De Samuel hat en éischter schwéiere Krankheetsverlaf, huet awer net missen an d’Spidol. Verschidde Symptomer sinn awer net méi fortgaangen.
Am Juli 2021 gouf hie wéinst Long-Covid am Rehazenter en charge geholl. Knapp 5 Méint huet säin Traitement gedauert. Den Traitement huet gehollef, seet de Samuel Clerc. Virop Ootmung an d’Ausdauer hu sech verbessert. D’Middegkeet wier awer nach ëmmer do an och dat mam Schmaachen a Riche klappen nach ëmmer net.
De Virus huet net just dem Samuel säi Liewe verännert, ma et war och eng schwéier Zäit fir seng Famill. Wat bleift, ass d’Hoffnung, datt d’Long-Covid-Symptomer iergendwa ganz verschwannen. Wat awer och bleift, ass d’Angscht, sech nach eemol mam Virus unzestiechen.