Alkohol um SteierAneren Auto beim Iwwerhuele beschiedegt, géint Gebaier gefuer a Farerflucht gemaach

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vun e Sonndegowend hat d'Police et mat enger Rei Chaufferen ze dinn, déi ze déif an d'Glas gekuckt haten.
Alkoholtest (Symbolbild)
© RTL Lëtzebuerg

Sou zum Beispill géint 18.30 Auer op der N15 zu Uewerfeelen wou en Automobilist versicht hat en aneren Auto z’iwwerhuelen. Dobäi ass hie widder den aneren Auto gestouss an huet d’Fuererin vun dësem liicht blesséiert. Souwuel hien, wéi och déi liicht blesséiert Automobilistin goufe fir eng Kontroll an d’Spidol bruecht. Beim schëllege Chauffer sinn den Alkohol- an Drogentest positiv ausgefall an hien huet säi Permis mussen ofginn.

Géint 21 Auer war e Chauffer an der Avenue Charlotte zu Déifferdeng géint zwee Haiser gefuer an doropshin a Richtung Uewerkuer geflücht, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren. Hie konnt kuerz duerno vun der Police ugetraff ginn, och bei him ass den Alkoholtest positiv ausgefall an hie misst de Permis ofginn. Och säin Auto gouf op Uerder vum Parquet saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO