PolicebulletinFestnamen no Kläpperei zu Dikrech, Déifställ an der Stad an op der Wemperhaart

RTL Lëtzebuerg
Iwwert de Weekend hat d'Police nees op e puer Plazen Asätz, dat wéinst Déifställ an enger Kläpperei.
© Laurent Weber

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg krut d’Police en Déifstall an der Avenue de la Porte-Neuve an der Stad gemellt. Eng Posch war geklaut ginn. D’Police konnt de presuméierten Déif stellen, bei him goufe weider geklaut Géigestänn fonnt, sou zum Beispill en Handy, deen och als geklaut gemellt gouf. De Verdächtege gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an déi geklaute Géigestänn zeréck un hir Proprietäre ginn.

Am fréie Samschdegnomëtteg koum et dunn zu engem Déifstall aus engem Schongbuttek op der Wemperhaart, woubäi de presuméierten Déif vum Sécherheetspersonal konnt festgehale ginn, bis Beamte vun der Police op der Plaz waren. Nodeems sech erausgestallt huet, datt hien och fir aner Déifställ responsabel wier, gouf hien op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Fuesent soll jo flott sinn, an et soll friddlech gefeiert ginn, d’Police mellt awer e gréisseren Asaz e Sonndeg den Owend géint 23 Auer zu Dikrech.
Op der Place de la Libération waren e puer Kläppereien. E puer Patrullen waren dohin, d’Leit waren net kooperativ an et koum zu Handgräiflechkeeten. E puer alkoholiséiert Persounen koumen no enger Kontroll mat op d’Kommissariat an do an den Arrest.

Back to Top
CIM LOGO