Et gëtt sech gewiert géint eng Impfflicht. Knapp 11.500 Leit haten déi Petitioun ënnerstëtzt, de fënnefbeschte Score bei den ëffentleche Petitiounen.

E Mëttwoch ass an der Chamber iwwer zwou Petitiounen debattéiert ginn: eng Kéier iwwer d'Impfflicht, déi net dierft kommen, an als zweet iwwert déi genetesch Vaccinatioun vun de Kanner, déi misst gestoppt ginn.

D'Petitionärin, déi géint eng Impfflicht ass, setzt sech derfir an, datt jiddereen de fräie Choix behält, ob e sech wëll impfe loossen oder net. Net jiddereen hätt de selwechte Risk fir krank ze ginn. De Vaccin géif net géint eng Infektioun schützen. Et géif een net wëssen, wéi dacks ee sech nach misst impfe loossen oder ob net awer iergendwann Niewewierkungen optauchen. D'Madamm, déi vu sech behaapt, si wär net antivax, gouf ënnert anerem begleet vun engem Nobelpräisgewënner, dem Professer Luc Montagnier. De franséische Virolog huet 1983 den HIV, also den Aids-Virus, entdeckt. Haut mat 89 Joer fält en awer éischter op mat méi skurrille Vuen iwwer de Corona-Vaccin. Dee wär Gëft a géif Mutatioune provozéieren. Corona wär net Pescht oder Cholera an déi lescht Variant, den Omikron, wär éischter harmlos.

D'Petitionären hate weider prominent Verstäerkung matbruecht: nieft dem Medezin-Nobelpräis-Gewënner och Dokteren a Professeren dobäi. Déi hunn awer net déi gängeg, wëssenschaftlech Meenunge vertrueden, mä hunn éischter virum Vaccin gewarnt a viru méiglechen Niewewierkungen.

Am Debat iwwer déi genetesch Vaccinatioun vun de Kanner war och den Dr. Benoît Ochs derbäi. Et si Behaaptungen opgestallt ginn, déi net vun der breeder Wëssenschaft gedroe ginn. Datt et zum Beispill zu irreversibele Verännerungen am Kierper kënnt. Och e franséische Professer ass ze Wuert komm, dee ganz ëmstridden ass. D'Deputéiert kruten dacks keng Äntwert op hir Froen a „wëll" Behaaptunge sinn einfach esou stoe gelooss ginn.

Den Dr. Romain Blum ass och géint en Impfzwang. Net géint d'Impfungen. Mä bei den Niewewierkunge géif nach en Tsunami op eis duer kommen, behaapt den Zänndokter. Hie gëtt ze bedenken, datt de Vaccin net méi wierklech géint déi aktuell Variante wierkt. Et sollt een an der Diskussioun ofwaarden, bis nei Impfstoffer erauskommen.

Eng Fra huet och vun hiren Niewewierkungen erzielt. Si huet vum Vaccin de Guillain-Barré-Syndrom kritt an ass och haut 9 Méint dono nach mat Problemer geplot. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert, déi sech alles unhéieren huet, huet virun enger Banaliséierung vum Virus gewarnt. Et wär net just eng "Grippelchen". Wann een eng Alternativ géif proposéieren, fir aus der aktueller Situatioun eraus ze kommen, wär si méi wéi dankbar. Iwwer eng méiglech Impfflicht ze decidéieren, wär net einfach, mä d'Politik misst Verantwortung iwwerhuelen.

D'Petitionäre hu begréisst, datt se hir Meenung kéinte soen. Et ass nogelauschtert ginn a versicht ginn, eng sachlech Debatt ze féieren. Verschidden Deputéiert hu kritiséiert, datt et éischter drëms gaangen ass, Impfe jo oder neen an net Impfflicht jo oder neen.

Et ass gutt a richteg, de Petitionären nozelauschteren, sot no den Debatten d'Presidentin vun der Petitiounskommissioun, d'CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt. Si hunn déi néideg Ënnerschrëfte kritt. D'Fro awer u si, ob een net Experte mat engem zweiwelhafte Ruff eng Tribün an der Chamber gëtt.

Extrait Nancy Kemp-Arendt

Et géif effektiv elo an der Pandemie eng Beweegung ginn, datt de Petitionär, en normale Bierger, Experte matbréngt, déi dann eng Plattform kréien, sou d'Kommissiounspresidentin. D'Fro géif sech stellen, ob dat nach d'Iddi wär vun Demokratie an dem normale Bierger d'Wuert ginn. Dat soll an der Petitiounskommissioun diskutéiert ginn. Heiansdo géif de Petitionär net vill soen oder hätt net méi d'Schlusswuert. Och sollen an Zukunft Etüden, déi als Behaaptunge bruecht ginn, der Kommissioun virgeluecht ginn.

Iwwer eng méiglech Impfflicht gëtt dann d'nächst Woch zesumme mat all den Deputéierten an der Regierung diskutéiert. Virdru kënnt e wëssenschaftlechen Avis eraus vun engem Aarbechtsgrupp, ob eng Impfflicht sanitär a medezinesch sënnvoll wier.