Henri Kox verdeedegt Policeasaz bei der Maniff e Samschdeg
Weider ass et fir de Policeminister inakzeptabel, virun engem Spidol ze demonstréieren, wou Leit hi ginn, déi Hëllef brauchen.
Op de soziale Medien hate Manifestanten, déi géint d‘Corona-Mesuren op d‘Stroosse gaange sinn, och dozou opgeruff, fir e Méindeg de Mëtteg um 12 Auer virun den Hôpitaux Robert Schumann um Kierchbierg manifestéieren ze goen. Schlussendlech war kee Mënsch op der Plaz fir ze demonstréieren. D'Police war awer mat engem Dispositif vu ronn 50 Beamten do. Am RTL-Interview seet de Minister fir d'bannenzeg Sécherheet Henri Kox, et hätt ee sech net kënnen erlaben, datt virun engem Spidol den Dispositif ze kleng gewiescht wier.
Dat ass d'Erausfuerderung sou wéi sou fir d'Police déi lescht Wochen a Méint, well et ni genee en Uspriechpartner gëtt. Wuel ginn et Manifestatiounen, wou en Uspriechpartner do ass. Haut bei de Klinicke war keen direkten Uspriechpartner do, et war zwar wuel eng Ukënnegung iwwert d'sozial Medien an et ass op dat, wou mir eis kënne baséieren. Fir awer kee Risiko anzegoen, an dat ass ebe grad virun engem Spidol, ass den Dispositif natierlech entspriechend opgestallt ginn.
Fir de Policeminister ass et inakzeptabel, virun engem Spidol ze demonstréieren, wou Leit hi ginn, déi Hëllef brauchen. Et géingen aner Plazen a Moyene ginn, fir seng Meenungsfräiheet auszeüben.
Mir kënnen et net erlaben, datt en Dispositif eng falsch Aschätzung gehat hätt virun engem Spidol. Mir waren an enger gewëssener Beobachtung och, fir deem Rechnung ze droen. An ech denken, datt ëmmer eng Evaluatioun gemaach gëtt, an datt déi bescht Evaluatioun och an der Ëmsetzung gemaach gëtt. Heiansdo ass d'Evaluatioun net sou ugepasst, dass vläicht ze vill Polizisten da sur place sinn, wéi op enger anerer Positioun vläicht e bësse manner, an dat ass ëmmer eng Gratwanderung, déi d'Police ze maachen huet, an dofir ass och Versteesdemech vis-à-vis vun der Gesellschaft, vun der Populatioun. D'Police mécht alles méiglech fir den Ordre Publique kënnen oprecht z'erhalen an dat ass hir Obligatioun, awer et gëtt keng honnertprozenteg Garantie, mä mir probéieren, eist Bescht ëmmer ze maachen.

© Domingos Oliveira
Den Henri Kox huet och op d'Virgoe vun der Police op der Demonstratioun an der Stad e Samschdeg reagéiert, déi relativ séier tëschent der Gare an der Paräisser Plaz blockéiert gouf.
Et ass net méi haart duerchgegraff am Sënn vun der Gewaltuwendung, well ech mengen, et ginn och aner Videoen, déi weisen, dass d'Police sech awer déi néideg Zréckhalung gemaach huet. Wat kloer ass, wann een esou eng net-ugemellten Demonstratioun matmécht, datt eng Identitéitskontroll muss duerchgezu ginn, fir och festzestellen, wie sech net un déi Reglementer hält an d'Konsequenze waren ugekënnegt ginn am Virfeld vun der Police selwer. An dofir mengen ech, ass eng logesch Suite dorausser, dass och dat net méi konnt acceptéiert ginn.
De Policeminister huet dann och d'Leit opgefuerdert, sech un Demonstratiounen ze bedeelegen, déi am Virfeld ugemellt goufen.