
De fréieren US-President Barack Obama huet sech eng éischte Kéier iwwert de Video, deen den aktuellen US-President Donald Trump publizéiert huet, geäussert. Am Bildmaterial ginn de fréiere demokratesche President a seng Fra Michelle als Afen duergestallt. Den Obama huet e Samschdeg an engem Interview mat dem lénksgeriichte Youtuber a Podcaster Brian Tyler Cohen vu “Schimmt” an “Anstand”, déi feelen, geschwat. Déi meescht US-Bierger géifen esou ee Verhalen als “déifst verstéierend” empfannen.
“Et gëtt eppes wéi eng Clown-Show op de sozialen Netzwierker an op der Tëlee”, sot den Obama, ouni den Trump awer beim Numm ze nennen. “Et schéngt keng Schimmt méi doriwwer bei de Mënschen ze ginn, déi virdru geduecht hunn, datt et Anstand, e Sënn fir Gerechtegkeet a Respekt fir dëst Amt sollt ginn, richteg? Dat ass verluer gaangen.”
Fir den Demokrat ass et kloer, datt esou ee Verhalen dem Trump seng Republikaner bei den Tëschewale fir de Kongress am November schuede wäert. “Schlussendlech wäert d’Äntwert vum amerikanesche Vollek kommen”, esou den US-President aus de Joren 2009 bis 2017.
De betraffene Video war de 5. Februar op dem Trump sengem Account op senger eegener Social-Media -Plattform Truth Social publizéiert ginn. Am Video goung et ëm presuméiert Beweiser fir Manipulatioun bei de Presidentiellen 2020, déi den Donald Trump géint den Demokrat Joe Biden verluer hat.
Um Enn vum Video si kuerz d’Käpp vum Michelle a Barack Obama ze gesinn, déi awer op Kierper vun Afe montéiert goufen. Den éischten afroamerikanesche President vun der US-Geschicht a seng Fra hunn am Video nach virun der Kuliss vun engem Dschungel gedanzt. De Video huet fir vill Kritik a fir wéineg Versteesdemech gesuergt an dem US-President gouf Rassismus virgeworf. Och Parteimembere vun de Republikaner hunn de Video, deen de rietspopulisteschen Trump gepost huet, kritiséiert.
Dem Trump seng Spriecherin Karoline Leavitt huet Ufanks vu “gespilltem Schock” geschwat, éier d’Wäisst Haus de Video ewechgeholl huet an erkläert huet, e Mataarbechter hätt e Feeler gemaach an ongewollt de Bäitrag publizéiert. Den Trump huet méi spéit ausgesot, datt hie just den “éischten Deel an net de ganze Video” gekuckt hätt.
En zweet Thema, iwwer dat den Ex-US-President mam Brian Tyler Cohen beschwat huet, waren d’Aktiounen an der US-Stad Minneapolis. Dës Razzie vun der Trump-Regierung, fir Leit ze expulséieren, huet den Obama schaarf kritiséiert. D’Virgoe vun den ICE-Truppen a vum Grenzschutz erënneren hien un “autoritär Länner” an “Diktaturen”. “Dat kriminellt Verhale vun den Agente vun der Bundesregierung mécht engem Suergen an ass geféierlech”.
Mutt huet him awer den organiséierte Widderstand vun de Bierger géint dës Expulsiounsrazzien gemaach, esou den Obama. D’Bierger géife “systematesch, organiséiert” soen: “Dat ass net dat Amerika, un dat mir gleewen. A mir wäerten zeréckkämpfen. Mir wäerten dogéint halen mat der Wourecht a mat de Kameraen an mat de friddleche Protester.”
Den Trump hat jo dausende vu Grenzschutzbeamten an ICE-Polizisten an d’Stad Minneapolis, déi vun Demokrate regéiert gëtt, geschéckt, fir Migranten, déi keng Pabeieren hunn, festzehuelen an ze expulséieren. Dat rabiat Virgoe vun ICE an dem US-Grenzschutz suergt fir massiv Protester, grad, nodeem d’Beamten am Januar d’US-Bierger Renee Good a Alex Pretti erschoss hunn. En Donneschdeg sot dem Trump säi Beoptraagte fir de Grenzschutz Tom Homan, datt den Asaz zu Minneapolis eriwwer wier.
Allerdéngs bedeit dat net, datt d’Massenexpulsiounen am ganze Land, un deenen den Trump festhält, eriwwer sinn. De Sträit ëm d’Virgoe vun ICE huet antëscht zu engem Blockage vum Budget fir den Ministère fir Heemeschtschutz gefouert, deem dës Truppen ënnerstallt sinn. D’Demokraten, déi an der Oppositioun sinn, fuerdere méi streng Reegele fir d’ICE-Mataarbechter.