Liicht SymptomerLandwirtschaftsminister Claude Haagen gouf positiv getest

RTL Lëtzebuerg
Bei engem routineméissege Covid-Schnelltest koum e positiivt Resultat eraus, dat antëscht och mat engem PCR-Test bestätegt gouf.
© RTL

Wéi de Landwirtschaftsministère en Donneschdeg de Mëtteg matdeelt, ass den neien LSAP-Minister Claude Haagen positiv getest ginn.

De Minister hätt sech direkt Auto-isoléiert a géing vun Doheem weider schaffen. De Minister wier komplett geimpft an hätt den Ament liicht Symptomer, et géing ëm awer gutt goen, esou de Minister an engem Communiqué.

Back to Top
CIM LOGO