Justiz huet Bedenke wéinst Konsequenze vun enger gesetzlecher Verschäerfung
D'Verschäerfung an d'Verlängerung vu Verjärungsfristen, déi am Fall vu Vergewaltegunge vu Mineure souguer ganz opgehuewe ginn, ass eng politesch Decisioun.
D'Justiz wier net onbedéngt Demandeur gewiescht, fir d'Gesetzer bei Sexualstrofe géintiwwer Mannerjäregen ze verschäerfen, seet d'Generalaffekotin Simone Flammang, déi beim Parquet général fir de Jugendschutz zoustänneg ass.
D'Strofe wieren haut schonn zimmlech streng. Datt d'Verjärungsfriste verlängert, respektiv ganz opgehuewe solle ginn, gesäit ee beim Parquet général méi kritesch, och wann een d'Iwwerleeunge prinzipiell verstoe kéint. Wat méi Zäit vergeet, wat et awer ëmmer méi schwéier géif, Beweiser fir d'Iwwergrëff ze bréngen. Um Enn géife Verurteelunge méi schwéier ginn.
Grouss Problemer huet de Parquet général an deem Kontext och mam Dateschutz, dee géif besonnesch den Täter an d'Kaarte spillen, mat deem, wat gesetzlech geplangt ass. D'Justiz géif déi néideg Moyene geholl kréien, fir effikass ze schaffen, bedauert d’Simone Flammang am RTL-Interview, wann een d'Affären no ganz kuerzer Zäit schonn archivéiere misst.
Ma déi Widderhuelungstäter géife riskéieren, net "als solch" erkannt ze ginn. D'Generalaffekotin huet am RTL-Interview och eng massiv Verstäerkung bei der Police gefuerdert, fir géint Sexualdelikter am Netz virzegoen. D'Zuel vun den Affären, an där et ëm Gewalt géint d'Kanner geet, ass an de leschten 10 Joer däitlech eropgaangen. 2020 waren et der 402. Wéinst der Komplexitéit vergi gutt e gär zwee Joer bis et vun der Plainte zu engem Urteel kënnt.
Doduerch géife Widderhuelungstäter riskéieren onentdeckt ze bleiwen. Et misst ee sech bewosst sinn, datt den Dateschutz besonnesch dem Täter géif an d'Kaarte spillen.