Grénge Gemengeconseiller Luc Majerus gëtt säi Mandat nach dëst Joer of

© RTL Archivbild
De Luc Majerus verléisst déi Gréng, fir sech der neier Partei ronderëm de Frank Engel an de Marc Ruppert unzeschléissen.
Am Escher Gemengerot kënnt et wéi gesot zu engem Wiessel: de grénge Gemengeconseiller an Affekot Luc Majerus huet ugekënnegt, datt hie seng Parteikaart net wäert erneieren a säi Mandat nach dëst Joer un déi Gréng Esch wäert oftrieden. D'CSV-Gréng-DP-Koalitioun zu Esch behält domadder 11 vun alles an allem 19 Sëtz. Noréckelen dierf d'Cathy Pastoret. Déi gréng Gemengepolitikerin war 2017 Véiertgewielt op der Lëscht vun den Escher Gréngen, déi aktuell mat 3 Conseilleren am Gemengerot vertruede sinn.
De Luc Majerus verléisst déi Gréng, fir sech der neier Partei ronderëm de Frank Engel a de Marc Ruppert unzeschléissen, steet an engem Message vun him ze liesen, deen de Marc Ruppert op Twitter gedeelt huet.
De Luc Majerus erkläert säi Choix mam Saz: "Leider hunn déi Gréng duerch hir Regierungsbedeelegung vill vun hire Prinzippien hannen ugestallt". Als Politiker wier him ëmmer wichteg gewiescht, datt Mënsch an Natur net engem onkontrolléierte Wuesstem zum Affer falen.
De Frank Engel, fréier CSV, an de Marc Ruppert, fréier DP, presentéieren no der Fuesvakanz hir nei Partei, déi eng Partei vun de "biergerleche Wäerter" soll sinn.
Redaktioun vum Co-President vun déi Gréng Meris Sehovic
"Ech bedaueren, dass de Luc Majerus d'Decisioun geholl huet, der Partei de Réck ze dréinen, ouni am Virfeld d'Gespréich mat eis ze sichen. Ech begréissen awer ausdrécklech seng Annonce, säi Mandat am Escher Gemengerot schnellstméiglech un d'Partei zréckzeginn.
Esch ass eng dynamesch Stad, déi grad am Beräich vum Ëmwelt- a vum Klimaschutz eng Virreider-Roll zu Lëtzebuerg anhëlt. Dës Dynamik am Sënn vun der Liewensqualitéit vun den Escher Biergerinnen a Bierger wëlle mir als gréng weider virundreiwen, elo dann ebe mat enger erneierter Ekipp am Gemengerot."