De fréiere Generalsekretär Marc Ruppert huet d’DP verlooss a wëll mam fréieren CSV-Parteipresident Frank Engel eng nei Partei opbauen.

De 37 Joer ale Marc Ruppert huet déi RTL-Informatioun e Méindeg de Moie bei eis am Interview confirméiert: "Ech hunn effektiv d’Partei informéiert, datt ech d’Presidence, respektiv d’Koordinatioun vun der DP Stad (...) géing ofginn". Säi Choix wier net géint d’DP geriicht an och net aus "Frust", behaapt de Marc Ruppert, deen awer am selwechten Otemzuch seet "D’DP ass zu 100 Prozent eng Regierungspartei ginn an de leschte Joren". Positioune géinge gréisstendeels vun "Uewen erof" ausgeschafft ginn. Dat géing dozou féieren, datt d’Positioune ganz vill deene vun den anere Partei géing gläichen, mä d’Problemer vun de Leit net wierklech ugeschwat ginn.

Well et Potential gëtt an hien d’Ënnerstëtzung vu senger Famill hätt, wëll hien elo mam Frank Engel "eppes Neies" mat "anere politeschen Akzenter" maachen. Dem Marc Ruppert no hätten d’Leit gär, datt d'"biergerlech Wäerter" valoriséiert a respektéiert ginn. Detailer an e Programm vun enger neier Partei missten elo awer Mol nach definéiert ginn. Eng riets Partei géing et awer sécher net ginn, huet hie betount: "Wa mer vu biergerleche Rechter schwätzen, da schwätze mer virun allem vu Solidaritéit, mir schwätze vun eege Verantwortung, mir schwätze vu Respekt ee virun deem aneren". Aner Nimm, déi bei där neier Partei dobäi wieren, wollt de Marc Ruppert ons nach net verroden, mä et kéimen "e puer Iwwerraschungen". Ob déi nei Partei scho kéint un de Gemengewalen deelhuelen, wéisst hien nach net, mä de Frank Engel an hie wiere ganz optimistesch.

De Marc Ruppert war am Dezember 2015 Generalsekretär vun der DP ginn, mä aus perséinleche Grënn am November 2017 zeréckgetrueden. Hie war bei de Gemengewalen an der Stad just 16. vu 27. op der DP-Lëscht ginn. Hannergrond fir seng Demissioun waren awer och Divergenze mat der Parteipresidentin Corinne Cahen, notamment, well et net genuch demokrateschen Debat an der Partei géing ginn. D’Corinne Cahen huet de Sträit deemools erofgespillt an de Marc Ruppert wollt am RTL-Interview net méi op Streidereien agoen, mä hie sot, d’Corinne Cahen hätt sech deemools bei him entschëllegt an hien hätt dat ugeholl.

De Frank Engel, deen hat am Mäerz d’lescht Joer d’CSV am Sträit verlooss, well hie vu Parteikolleege wéinst Verdacht vu finanzieller Fraude bei der CSV.Frëndeskrees ASBL denoncéiert gi war. Hien an aner Ugekloter goufen all an 1. Instanz fräigesprach. Aus der CSV-Fraktioun huet een, hanner virgehalener Hand, ëmmer nees Kritik um Style vum Frank Engel héieren. Notamment wéinst sengem Plädoyer fir eng méi staark Besteierung vu grousse Verméigen, deen net mat der Partei ofgeschwat war.

D’Parteipresidentin Corinne Cahen wollt op Nofro hin den Depart vum Marc Ruppert aus der DP net kommentéieren.

Kuckt hei de ganzen Interview mam Marc Ruppert